De Réckbléck vun der Woch [15/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Ofgetaascht

Um Méindeg mellt de Paperjam dass d’Sécherheetskontrollen um Lëtzebuerger Fluchhafe verschäerft géifen. Eng Millioun Euro ginn an dësem Kader fir nei Equipementer ausginn, dat huet den Ausseminister Jean Asselborn bestätegt, an ausserdeem géifen am europäesche Kader och elo alleguer d’Fluchdonnée’en vun de Passagéier un Interpol weidergi ginn. Dann hofft een dach dass eist Lëtzebuerger Personal sech besser uleet wéi d’Meeschtere vun der Fluchsécherheet, d’Amerikaner, déi wéi CNN bericht, op Test hin emol kee Sprengstoff fanne konnten.

Bodycams fir d’Police wieren essentiell

Een Aarbechtsgrupp vun der Police préift momentan d’Aféierung vu Body Cameras fir déi Polizisten déi um Terrain täteg sinn, dat schreift de Lëtzebuerger Journal um Méinden.

“Wie der stellvertretende Polizeigeneraldirektor Donat Donven am Rande der jährlichen Pressekonferenz zur Polizeikriminalstatistik bemerkte, mache man sich auch bei der luxemburgischen Polizei durchaus Gedanken über einen möglichen Einsatz solche Bodycams. Man beobachte die Tests und die Schlussfolgerungen bei den Nachbarn, sagte Donven, auch sei eine Arbeitsgruppe mit dem Thema beschäftigt, wie der Beamte ausführte. Ob es aber auch schlussendlich zum Einsatz kommt, dies ist noch vollkommen ungewiss.”

De Virdeel vu Body Cameras, wéi se an den USA scho Standard sinn, gëllt gläichzäiteg fir d’Bierger wéi och fir d’Poliziste selwer: de Bierger deen eleng de Polizisten ausgesat ass huet eng Preuve vun deem wat geschitt ass, während och d’Polizisten hiert Verhalen am enger Geriichtsaffaire rechtfäerdege kënnen. Eng néideg Mesure!

Eng nei Partei

Den aus der ADR ausgeloossene Gemengeconseiller Joe Thein huet um Méindeg seng nei Partei virgestallt. Wéi den RTL um Dënschden schreift wieren “Déi Konservativ” mat der Intentioun do fir “besser ze si wéi d’ADR”. Mat där niddreger Lat ka jo da näischt méi schif goen, bleift jo och an der Famill:

“De Joe Thein ass wéi gesot Nationalpresident vun “Déi Konservativ”. Op d’Poste vun de Vizepresidente goufen de Mario May an de Guy Malané gewielt. Generalsekretärin ass d’Monique Weber, dem Joe Thein seng Mamm. Generalcaissier ass de Patrick Thein, dem Joe Thein säi Papp.”

IDEA hält d’Économie de partage net esou eng gutt IDEA

D’Fondatioun IDEA ass immens skeptesch der Idee géintiwwer dass d’Économie de partage zu Lëtzebuerg an Zukunft eng Roll spille wäert, dat schreift um Mëttwoch de Paperjam. De Grand-Duché wier net Singapur, mee ee vun deene ruralste Länner an Europa. Dozou kéim de Fait dass Servicer wéi Uber etc. sech besonnesch a Krisesituatioune gutt entwéckele géifen. Zu Lëtzebuerg dogéint géifen d’Bierger op eege Proprietéit bestoen. Am Artikel heescht et weider:

“En effet, les plateformes pèsent à peine plus de 0% du PIB européen, alors qu’elles représentent 0,6% du PIB aux États-Unis, selon la Fondation Idea.”

Läit villäicht dorun dass europäesch Länner alles maachen fir Partage-Servicer ze verbidden. D’ass just sou eng Idee…

Manner Examen op der Première

Ab der Première 2017/2018 ginn et just nach 6 schrëftlech Examen an zwee Orallen, dat huet dem RTL um Mëttwoch no den Educatiounsministère annoncéiert. De Choix wéieng Fächer de Schüler fir den Exame wiele muss ass zwar ageschränkt, mee gëtt him eng gewëssen Decisiounsfräiheet:

“Och wann d’Unzuel un Exame reduzéiert gëtt, soll de Schüler breetgefächert getest ginn. De Schüler muss zum Beispill an den Haaptfächer vu senger Branche Exame schreiwen an da muss een och e Choix tëscht de Sproochen an der Mathematik treffen.”

De Findel wiisst

De Lëtzebuerger Fluchhafen zielt ëmmer méi Passagéier, dat mellt um Donneschden den Essentiel. Am éischten Trimester 2017 sinn esou vum Findel aus 658 000 Client’en aus an Europa an ausserhalb geflunn. Neie Passagéier-Rekord gouf um 7. Abrëll opgestallt, op deem 7 350 Leit vum Grand-Duché aus geflu sinn.

“Une croissance portée par la majorité des compagnies aériennes. Certaines tirent leur épingle du jeu, à l’image de la polonaise Lot ou de Swiss, qui affichent respectivement +30% et +19% de leur fréquentation rien qu’au mois de mars.”

4 Woche Wahlcampagne fir d’Gemengewahlen

Déi grouss politesch Parteien sinn sech op ee Wahlkampfaccord fir d’Gemengewahlen eens ginn, dat schreift um Freiden den RTL. D’Campagne soll den 11. September ugoen a grad emol 4 Wochen, bis de Wahldag vum 8. Oktober, daueren. Gëeenegt gouf sech och op eng Limite vum Reklammebudget vu 75 000 Euro, just 100 Opstell-Plakater, an eng allgemeng Fairness am Wahlkampf.

Dass d’Parteie mat deenen Accord’en ni vill um Hutt hunn ass net nei, sief et mat Parteien déi hier Plakater éischter opstellen oder deenen déi weidert Material verwenden. Net limitéiert sinn och Saache wéi Trakten déi an d’Bréifboîte kommen oder eng Material-Limite fir Gadgets.

Fitch bestätegt AAA

Um Freiden mellt d’Lëtzebuerger Wort dass d’Rating-Agence Fitch de Lëtzebuerger Triple-A an der Kreditwierdegkeet bestätegt huet.

“Unter den mit der besten Bonität ausgezeichneten Ländern habe Luxemburg die niedrigste Pro-Kopf-Verschuldung (20,6 Prozent des BIP) und wachse zudem deutlich schneller. Das Wirtschaftswachstum habe noch Luft nach oben.”

RTL Background mam Salaire’s Lobbyist vun der CGFP

Um Samschden de Moie war de neie CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger am Background am Gespréich vum RTL. Op d’Fro vum Gehälteraccord hin, deen net am Koalitiounsprogramm vun der Regierung steet, sot de Steve Heiliger dass “d’Finanzsituatioun vum Land geännert huet”, an dass “dovu besonnesch déi profitéiere sollen déi dofir suergen dass d’Land funktionéiert”. Et muss een sech wierklech froen op esou Leit hiren eegene Nonsens nach gleewen.

Deputéierten wëllen eng méi laang Verjärungsfrist bei Vergewaltegungen

Um Samschden mellt de Quotidien dass dräi DP-Deputéierten de Justizminister interpelléiert hunn, fir d’Fro no der Verlängerung vun der Verjärungsfrist bei Vergewaltegungen ze froen. Ee Police-Rapport vun der leschter Woch hat gewisen dass am Joer 2016 d’Plaintë wéinst Vergewaltegung em 56% erop gaange sinn.

“Les 20 ans actuellement en vigueur sont remis en question par un récent rapport publié en France. Par conséquent, les députés aimeraient savoir si les deux ministres jugent opportun ou non de procéder à une prolongation du délai de prescription pour viol à 30 ans après la majorité.”

Chamber-Debat zu Franséisch-fräier Crèche fënnt statt

Um Samschden annoncéiert den RTL dass d’Chamber-Petitioun 725 géint d’Franséischt an de Crèchen zu Lëtzebuerg déi néideg 4 500 Ënnerschrëften areecht huet, an deemno een Debat wäert organiséiert ginn.

“Si l’intitulé de la pétition ne laisse aucun doute sur les revendications du dépositaire ainsi que des signataires, à ce stade, tout ce que l’on peut confirmer, c’est qu’un débat aura lieu à la Chambre des députés.”

Advertisements

One thought on “De Réckbléck vun der Woch [15/2017]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s