De Réckbléck vun der Woch [14/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei

Just eng kleng Saach um Méinden…

Fir Méindeg hunn ech keng interessant Nouvelle gesinn déi an dëse Kader passe géifen. Dofir hunn ech hei awer een Tweet vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, deen… naja… liest e selwer:

On aura tout vu.

Lallenger Bierger besuergt iwwer Flüchtlingsheem

An engem Beitrag um Dënschden schwätzt den RTL vun engem ëffentlecher Versammlung vu Méindeg Owend zu Lalleng iwwer d’Flüchtlingen an der Uertschaft. D’Awunner hunn sech beschwéiert dass si ze spéit informéiert gi wieren a verschiddener gesinn ee klore Sécherheetsrisiko duerch déi 100 Männer déi zu Lalleng logéiert sinn, an déi op hier Asylprozedur waarden. Natierlech bréngt ee System dee Leit non-stop just ronderëm waarde léisst ouni dass d’Administratioun viru kënnt an ouni dass si jee d’Méiglechkeet kréie fir eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze fannen, souguer wann si de Flüchtlingsstatut kréien, well et am Grand-Duché verbueden ass als Flüchtling ze schaffen.

Resultat: 100 Männer déi hier Aarbechtskompetenzen net kënnen asetzen an déi amplaz Consommateuren an der Lëtzebuerger Ekonomie dem Steierzueler zulaascht sinn. Dignitéit kréien si duerch d’Aarbecht, an et gëtt Zäit hinnen d’Méiglechkeet ze ginn eng ze kréien.

Pressesubsiden vun 2016: 7,4 Milliounen Euro

Dës Montant’en goufen am Joer 2016 u Lëtzebuerger Presseorganer ausbezuelt, schreift de Paperjam um Dënschden. Déi exakt Zuele sinn:

Tageblatt                                                              1 707 000 €
Lëtzebuerger Wort                                             1 487 000 €
Le Quotidien                                                        1 274 000 €
Lëtzebuerger Journal                                            947 717  €
Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek                       398 572 €
Télécran                                                                   374.680 €
Revue                                                                       344.292 €
D’Lëtzebuerger Land                                             305.169 €
Le Jeudi                                                                    333.072 €
Woxx                                                                          262.744 €

D’Kriminalitéit ass erof gaangen

D’Kriminalitéit geet erof, dat mellt um Donneschden d’Police. Allgemeng Infraktioune sinn 2016 ëm 4,5% erof gaangen, wouzou besonnesch eng Diminutioun bei de Vol’en bäigedroen huet. Erop gaangen si par contre Plaintë wéinst Vergewaltegung, ëm ganzer 56%.

De François Bausch wëll Landesplanung mam Bierger

En Donneschden schreift den RTL iwwer de neie Kader vun der Landesplanungsreform: De Minister François Bausch wëll “normal Bierger” mat an de Prozess vum Iwwerschaffe vum PAG mat abannen, y inclus Frontalier’en. Iwwer d’Lous solle Leit aus der Populatioun ausgesicht gi fir un dësem neie Programme directeur matzeschaffen, dee virgesäit wéieng Terrain’en zu Lëtzebuerg woufir genotzt dierfe ginn.

Klengen Hiweis: D’ass eng Alibi-Method.

D’Main d’oeuvre zu Lëtzebuerg kascht 36,6€ an der Moyenne

Um Freide weist de Paperjam op d’Zuele vun EuroStat hin déi um Donneschde verëffentlecht goufen. Dës weisen dass d’Lëtzebuerger Aarbechtskäschten nees ëm 0,8% erop gaange sinn. Mat 36,6€ pro Stonn läit Lëtzebuerg domat wäit iwwer der Moyenne vun der Eurozon (29,8€) an der EU (25,4€). Problematesch ass dës Situatioun fir d’Kompetitivitéit vum Grand-Duché, well mir mat dëser Moyenne dat deiersten europäescht Land fir main d’oeuvre sinn. An esou wëlle méi Entreprisen an der Logistik heihinner bréngen?

Manner Alkohol oder manner Staat?

D’Leit sollen iwwer eegenen Alkoholkonsum nodenken, seet d’Aktiounswoch “Alkohol. Manner ass besser“, déi e Freideg lancéiert gouf, an déi ënnert anerem mam Gesondheetsministère, der Fondation Cancer an der Sécurité routière organiséiert gëtt, also allen deenen déi mat “ère” reimen an déi keng Frënn vu Genossmëttel sinn. D’Fondation Cancer ass dobäi mat déi schlëmmst, well si besonnesch a Saachen Tubaksreguléierung mat der Nues fir si fir d’Geschäftsleit ze schikanéieren.

D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet op der Pressekonferenz gemengt den Alkohol géif verharmloost ginn. Wie net ganz iwwerzeegt ass wéi op alle net responsabel mat Alkohol ëmgaange gëtt, deem ass recommandéiert mol eng kéier op Parteikongresser ze goen.

De Jean Asselborn versteht den USA hier Interventioun a Syrien

Um Freideg äussert sech de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn um Radio 100,7 zu der amerikanescher Attack op eng syresch Militärbase:

“Virum Hannergrond vun der Gëftgasattack am Norde vu Syrien huet de Jean Asselborn Versteesdemech fir déi amerikanesch Interventioun. Allerdéngs wier se aus Siicht vum Internationale Recht a Fro ze stellen. Den Ausseminister huet och d’UNO kritiséiert. Et wier kee positiivt Zeechen, datt de Sécherheetsrot an de leschten Deeg keen Accord zu Syrien fonnt hätt.”

Den Optimismus vum sozialisteschen Ausseminister schéngt effektiv ongebrach. Mir ginn ëm nach eng Woch bis en eis erkläert dass en hofft dass Sunnitten a Schiiten och bis den éischte Mee endlech mateneen eens ginn.

De Marc Spautz am Background op RTL

E Samschden de moien war den CSV-Präsident Marc Spautz um RTL, wou hien ee ganz interessant Bild vun der Lëtzebuerger Politik gezeechent huet a präzis Aussoen iwwer d’politesch Prioritéite vun der Zukunft gemaach huet.

Advertisements

One thought on “De Réckbléck vun der Woch [14/2017]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s