De Réckbléck vun der Woch [13/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei

De Nicolas Dupont-Aignan mengt Lëtzebuerg wier ee “Schurkenstaat”

De Nicolas Dupont-Aignan, Kandidat fir d’Presidentiellen a Frankräich fir d’Partei Debout la France, ass nees lancéiert a sengem Haass géigeniwwer Lëtzebuerg. Um Méindeg schreift de Paperjam zu dem Dupont-Aignan sengem Interview mam Radiosender France Inter:

“Coutumier de ces attaques menées contre le Luxembourg – comme l’ancien ministre français des Affaires européennes Laurent Wauquiez – Nicolas Dupont-Aignan avait déjà traité, par le passé, le pays d’«État voyou».

Au terme du premier procès LuxLeaks, il s’était indigné que la justice luxembourgeoise «marche sur la tête» après les condamnations d’Antoine Deltour et Raphaël Halet, «des héros condamnés alors qu’ils ont permis de mettre à jour un système organisé d’évasion fiscale à l’échelle internationale, et par définition aussi européenne».”

Dass de Presidentschaftskandidat vu Steierhannerzéiung schwätzt ass markant genuch, war d’LuxLeaks-Affär dach eng Fro vu Steieroptimiséierung. A mengem Artikel Antoine Deltour n’est pas Edward Snowden hunn ech am Juni 2015 schonn d’Struktur vun de Rulings erkläert an fir Leit wéi den Här Dupont-Aignan transparent gemaach. Fir de Rescht ass mäin eegene Facebook-Post vun e Méinden erklärend genuch:

“Vu Fra zu Fra”

E Méinden huet den DP-Generalsekretär Marc Ruppert op Facebook op eng Affiche vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen opmierksam gemaach op där Reklamm fir ee Seminaire gemaach gëtt dee Frae bäibrénge soll wéi een sech undoe soll a wéi een en public schwätze soll.

Effektiv kann ee wéineg erkenne wéi d’CSV hei den Individuum ervir hieft wann se esou Seminairen organiséieren. Trotzdem schéngt et effektiv e bësse schwiereg den Engagement vu Fraen an der Politik ze fuerderen ouni de geféierlechen Terrain ze betriede vun deem wat ee soen dierf an deem wat ee net soen dierf.

D’Chamber seet “Meh” zu der 30-Deeg-Congé Petitioun

Dausende vun Ënnerschrëften hat d’Petitioun fir 30 Deeg Congé am Privatsecteur gesammelt, déi d’Ënnerscheeder zwëschen der Fonction publique an dem Privatsecteur verréngere wëll, an déi e Méindeg Thema an der Chamber war. Interessanterweis ass de Kär vun der Petitioun am Débat geswitched, wéi d’Petitionnaire dann behaapt et wier wichteg mat Législatioun géint Stress a Burnout virzegoen.

Begeeschtert waren an der Chamber just déi Lénk, fir de Rescht hunn Deputéiert a Ministere just derangéiert op d’Propose reagéiert, gesot si hätte Sympathie a Verständnis fir d’Saach mee just leider keng Sympathie a Verständnis. Genau souvill wéi den CSV-Deputéierten Aly Kaes ee mat senger Simplicitéit ka mal à l’aise maachen, huet en virun allem geféierlech reagéiert, andeems hien amplaz vun der Erhéijung vun de Congésdeeg eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit gefuerdert huet. Den Aly Kaes bezitt sech dobäi dem Paperjam no op eng Kommissiouns-Diskussioun no där de Wirtschaftsminister Etienne Schneider gemengt huet et kéint een einfach manner schaffen an awer nach d’selwescht vill verdéngen. Op weider Erklärunge wéivill Einhörner de Minister eis och nach schenke wëll gëtt nach gewaart…

Och dozou: Mäin Artikel vum Januar zu der Petitioun

Oxfam bedreift large-scale Jalousie

Um Méindeg steet am Essentiel dass déi international ONG Oxfam ee Rapport verëffentlecht huet, andeem si den Ecart zwëschen de Profitter dee vu Banken zu Lëtzebuerg realiséiert gëtt an den Effectif vun hirem Personal. Et wier anormal dass d’Employé’en am Grand-Duché bis zu 350 mol (Beispill vu Barcleys) méi produktiv wiere wéi am Ausland, obwuel et an der Moyenne just 10 mol méi wier.

Natierlech verstoppt Oxfam hir Conclusioun net:

«Ces banques déclarent 26% de leurs bénéfices dans les paradis fiscaux, soit 25 milliards d’euros en 2015, mais seulement 12% de leur chiffre d’affaires et 7% de leurs employés.»

An engem 100,7-Interview um Dënschden seet d’Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger Bankenassociatioun ABBL Annemarie Jung dass d’Methodologie vun der britescher ONG fragwürdeg wier:

“Fir d’Produktivitéit vun enger Bank iwwert de Benefice an d’Unzuel vu Beschäftegten an engem Land ze berechnen, wär Äppel mat Bire verglach, kritiséiert d’Generalsekretärin vun der ABBL. […] An anere Länner géing et vill Retailbanke gi mat ville Beschäftegten. Bankaktivitéiten zu Lëtzebuerg géingen op méi groussen Investissementer berouen.”

Och dozou: Commentaire vum Ivo Vegter zum Ongläichheets-Rapport vun Oxfam – Daily Maverick

De gudde Choix fir Médiateur

Um Méindeg (jo ech weess, vill lass um Méinden) war déi nei Ombudsfra Claudia Monti um Radio 100,7 fir iwwer hire neie Posten ze schwätzen. Wéi d’Claude Monti hier Aarbecht als Mediateur maache wäert ass elo nach ongewosst, mee aus perséinlecher Erfarung kann ech soen dass si ee gudde Choix ass, duerch hier juristesch Formatioun an hire Calme um tëschemënschlechen Niveau.

Bonne chance, Claudia.

Steet ee Streik virun der Dier?

Den OGBL (dir wësst: Dee Grupp dee léiwer hutt dass dir entloosst gitt wéi dass der e bësse manner verdéngt) wëll ee Streik am Pfleegesecteur, an deem him no net genuch verdéngt gëtt. Erstaunt ass den OGBL anscheinend och dass souguer d’CSV net mat hire Fuerderungen d’accord ze si schéngt, a betount dass keng Juncker/Frieden “Austeritéitspolitik” méi erwënscht wier. D’ass natierlech kloer: Eng Ausgabepolitik déi vun 38,2% am Joer 2007, op 40,2% 2008 fir dann zwëschen 2009 an 2013 ënnert 43% a 46% vum PIB ze variéieren, dat ass “Austeritéitspolitik”. An absoluten Zuelen: Eng Hausse vun den Ausgabe vu 400 Milliounen Euro. Dat ass jo bal Griicheland, gell dir.

Wéi den RTL um Mëttwoch schreift huet den OGBL och seng Fuederung bekräftegt de Mindestloun ëm 10% erop ze setzen, dat fir dass nach manner Leit aus der Aarbechtslosegkeet eraus kommen fir deene Schaffenden ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Regierung suergt virun dofir dass de Bensin deier bleift

Dat ass villäicht just eng kleng Note, méi wéi ech um Mëttwoch am Lëtzebuerger Wort gelies hunn dass de Bensinspräis nees unzitt, hunn ech mech gefrot firwat den Titel net och kéint sinn: “Regierung setzt weiderhin d’Steieren um Sprit net erof”? D’Wielerschaft muss sech bewosst ginn dass et d’Politik ass déi um Hiewel sëtzt fir de Bensin méi bëlleg ze maachen, vill méi nach wéi déi déi en zu Lëtzebuerg verkafen.

D’CFL wees dass d’SNCF kee Meter besser ass

Um Donneschden dann schreift den RTL dass aus engem Dokument dat Radio FranceBleu Lorraine virläit d’SNCF déi selwecht technesch Problemer mat hiren Zich huet wéi déi vun der CFL, déi virun e puer Wochen den Accident zu Beetebuerg ausgeléist hat. Op Nofro bei der CFL bestätegt de staatleche Betrib dass hinnen dee Problem vun de franséische Kollege bekannt war.

Den Oligarchen-Diplomat

D’Tageblatt huet dann um Donneschden déi grouss Story lancéiert, notamment iwwer de Jean-Claude Knebeler, dee säit September d’lescht Joer Lëtzebuerger Ambassadeur a Russland ass. Dem Knebeler seng Fra war jorelaang d’Sekretärin vum russeschen Oligarch Vitali Borissovitch Malkine, deen ënnert anerem vun der kanadescher Regierung fir Geldwäscherei internationale Waffenhandel kritiséiert gëtt. Dem Lëtzebuerger Wort no huet déi Lëtzebuerger Regierung sech iwwer d’Recommandatioun vun der der ANS (Autorité nationale de Sécurité) ewech gesat fir den Här Knebeler net op de Poste vum Ambassadeur ze nennen.

D’Regierung huet dee selweschten Dag reagéiert:

“Anders als dargestellt hat sich die Regierung nicht über vermeintliche Sicherheitsbedenken “hinweg gesetzt”. Weiter heißt es: “Diese Kommission ist nach Untersuchung der Sachlage in diesem Fall zum Schluss gekommen, die angefragte Sicherheitsgenehmigung sei zu erteilen. Der Premierminister ist dieser Einschätzung gefolgt und hat dementsprechend die Sicherheitsgenehmigung erteilt.”

Bauen, awer nëmme sou wéi de Staat wëll

Um Freiden schreift de Lëtzebuerger Journal dass de Kulturministère sech zwee Dossier’en vun Denkmalschutz ugeholl huet, vun zwee Heiser zu Heinerscheid déi jeeweils aus dem Joer 1792 an 1852 stamen. De Proprietaire, deen d’Heiser ofrappe wëll fir do nei ze bauen, kritt dat mat Sécherheet verbueden, well neie bezuelbare Wunnraum? Do seet de Ministère Nee Merci, vill léiwer Heiser halen déi onerkennbar immens al si wéi Wunnraum fir jonk Lëtzebuerger zouzeloossen.

An nee, dat kascht net nëmmen de Proprietaire  Suen, mee och de Steierzueler, well wéi de Klierfer Buergermeeschter Emile Eicher betount:

“„Man kann die Gebäude jetzt nicht jahrelang liegenlassen und nichts tun“, sagt Eicher und nimmt den Staat mit ins Boot. „Denn wenn der Staat die Gebäude klassiert, muss er auch die finanzielle Last der Renovierung tragen.“ Dies bedeute, dass staatlich eingestufte Gebäude immerhin mit 50 Prozent bezuschusst werden.”

D’CSV baut iech en Haus

Um Freide bericht den RTL dann vun der CSV-Pressekonferenz, an där de Marc Lies (deen ass CSV-Deputéierten, och wann een en do quasi ni héiert schwätzen) an den CSV-Spëtzekandidat fir d’Gemengewahlen an der Stad Lëtzebuerg, Serge Wilmes, iwwer d’Wunnengspolitik geschwat hunn. Nodeem d’CSV säit dem zweete Weltkrich bis op zwou Ausnahmen elo dee Ministère nach ëmmer besat hunn, war et natierlech interessant ze gesi wat fir Ideeën se dann elo ervirbréngen.

“Wann déi Lénk elo fir d’Schafe vun enger nationaler Wunnengsbaugesellschaft sinn, da wär d’CSV dat schonn eng Zäitchen, sot den Deputéierte Marc Lies. Dat wär eng Fuerderung déi d’CSV schonn e puer Joer hätt an zu där géing och nach ëmmer stoen. Et solle méi Acteuren, wat d’Promoteurs publics uginn, op de Maart kommen.

[…]

D’Stad dierft sech net just op d’Baulücke konzentréieren an de Wunnengsmaart net private Promoteuren iwwerloossen, mä selwer aktiv ginn am Bauen, huet de Serge Wilmes gefuerdert. Prioritär sollt op gréissere Fläche gebaut ginn, déi et nach gëtt, um Kierchbierg an am Weste vun der Stad.”

Schlëmmeres wéi de Staat an d’Gemengen déi elo déi gréisste Promoteure solle ginn kann ee sech kaum virstellen. Natierlech sinn déi Zommen déi doran involvéiert wieren nëmmen ze interessant fir den CSV-Staat. Weh dem der böses dabei denkt…

Advertisements

One thought on “De Réckbléck vun der Woch [13/2017]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s