Ongesond Virschrëften

Dëse Beitrag ass de Script vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. Mäerz um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

Zimlech grujeleg sollen se sinn, d’Schock-Biller op den Zigarettepäck, déi deemnächst och zu Lëtzebuerg sollen obligatoresch mussen op d’Verpackung geprint ginn. Schwaarz Longen, eng Fra déi Blutt houscht, doudeg Leit. Mat dem Ëmsetze vun dëser europäescher Direktiv fiert de Staat mat der Reguléierung vum Tubak virun. Mat wéienger Conclusioun?

Wat mir an deene leschte Joerzéngte gesinn ass eng steteg Steigerung vun de Reegelen déi mat der Vente vun Tubak ze dinn hunn, sief et d’Gestaltung vun der Verpackung oder de Präiss iwwer TVA an Accisen. Déi nächst logesch Konsequenz vun de Schockbiller déi elo och zu Lëtzebuerg wäerten agefouert ginn ass de franséische Modell vum paquet neutre: Eng neutral Zigarettepackung déi zwëschend de verschiddenee Marken net ze ënnerscheeden ass.

Fälschungen vereinfacht

Wat sech allerdéngs méi an d’Gestaltung vum individuelle Produit agemëscht gëtt, wat d’Aarbecht vun den Zigarettefälscher méi einfach gemaach gëtt. An Australien, wou den neutralen Zigarettepak säit 2011 obligatoresch ass, sinn d’Fälschungen innerhalb vu nëmmen zwee Joer em 60% geklommen. A Groussbritannien maache gefälschten Zigaretten 45 Millioune Pond aus. Wéi déi englesch Zeitung The Sun erausfonnt huet, bréngen dës falsch Produkter enorm Risike mat sech: Sou goufen an dëse Fälschungen ënnert anerem Haut, Steng, “onbekannt organesch Materialien” an Isektelarve fonnt.

Wat een Zigarettepaak méi uniform ausgesäit, wat e méi einfach ze fälschen ass. Wa Lëtzebuerger Regierunge weider zu Bréissel nei Moossnahme fir d’Reguléierung vun Zigarettepäck huelen, dann ass dovun auszegoen dass dëse Problem sech nach verschlëmmert.

Schonn haut sinn an Däitschland 15% vun den Zigaretten déi am Land consomméiert goufen net do kaaft ginn. Mat enger steigender Zuel vu Leit déi iwwer d’Grenz hier Zigarette siche gi kënnt awer och ee méi grousse Verkaf u falschen Zigaretten, déi besonnesch vu Leit mat niddrege Léin kaaft ginn, an déi immens gesondheetsschiedlech sinn. Genau wéi bei der Prohibitioun bedreift eng Iwwerreguléierung vum Marché een aktiven an dubiéise Schwaarzmaart.

Kee Beitrag fir d’Gesondheet oder Responsabilitéit

Warnhinweiser a Packungen ouni Faarwe solle virun allem Mannerjäreger virum Tubak schützen. Den Effekt vun dësen Ännerungen op de Päck ass gläichzäiteg awer quasi null: Eng Etude vum Wirtschaftsdépartement vun der Uni Zürech huet 2014 gewisen dass d’Changementer bei den Zigarettepäck keen Afloss op de Konsum vu Mannerjäregen an Australien hat.

Kee minimiséiert dass Fëmme Gesondheetsrisike fir de Fumeur mat sech bréngt, mee nom Fëmmverbuet am Restaurant an an de Café’en a Präisser déi net ophalen ze klammen muss een sech iergendwann froe wat fir negativ Konsequenzen dës Gesetzer wäerten hunn. Wann eis Legislatiounen iergendwann soss näischt méi mëscht wéi d’Geschäft vun der opkommender Schwaarzmaart-Mafia unzedreiwen, déi hier falsch a gëfteg Produkter ënner d’Leit bréngen, spéitstens da musse mer eis Politik iwwerdenken.

D’Schockbiller déi dir deemnächst an der Regaler am Zeitungsbuttek oder op der Tankstell wäert gesi sinn dobäi just eng Etapp um Wee zu engem Staat deen iech virschreift wéi dir ze liewen hutt. Dee richtege Schock kënnt eréischt da wann mir ganz Generatiounen iwwer de Wee vun der Politik esou deresponsabiliséiert hunn dass se net méi vun der Zigarett ofhängeg sinn, mee vum Staat.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s