Uber zu Lëtzebuerg: Firwat ass d’Regierung retizent?

Dëse Beitrag ass de Script vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. Februar um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

D’Transport-Netzwierk Entreprise Uber ass säit hirer Grënnung viru 7 Joer, haut an insgesamt 66 Länner an iwwer 500 Stied weltwäit disponibel. Mat engem einfache Klick mat ärem Handy kënnt dir esou op ville Plaze méi einfach, méi gënschteg a méi confortabel wéi an engem Taxi transportéiert ginn. A ville franséische Stied, dorënner Paräis, Lyon, Nice oder Stroossbuerg ass dëse System gang und gäbe.

Zu Lëtzebuerg si Systemer wéi Uber illegal, well ee perséinleche Chauffer deen eng Persoun manner wéi eng Stonn transportéiert eng Taxislizenz brauch fir dierfen ze fueren. Frou iwwer dëse System ass virun allem d’Taxislobby, déi vum Mangel u Konkurrenz am Marché profitéiert. Wéi de Johannes Gutenberg am 15. Joerhonnert déi modern Drockpress erfonnt huet hunn déi Entreprisen déi mat Sekretären Dokumenter op der Hand kopéiert hunn och probéiert den technologesche Fortschrëtt ze ënnerdrécken, well dës hier Monopolstellung a Gefor bruecht hätten. D’Taxisfederatioun wennt 600 Joer méi spéit nach ëmmer déi selwecht Taktik un: Zesumme mam pouvoir politique séchert si sech déi néideg gesetzlech Virdeeler.

Den Transportminister François Bausch seet dozou am Dezember d’lescht Joer ironesch dass Uber op Lëtzebuerg kommen dierf, awer “just wann se d’Reegelen anhalen”, wuelwëssend dass genau dës Reegelen de Problem jo geschaaft hunn. Fir dës Ausso gouf bei der Taxisfederatioun geklappt, déi weiderhin dofir suergt dass Lëtzebuerg mat dat deierste Land ass fir een Taxi ze huelen, mat enger Moyenne vun 20€ fir 5 Kilometer. Domat si mir am internationale Klassement als 100.000 Awunner-Stad viru München, Los Angeles, Mailand, Stockholm oder Genf, nëmmen Zürech an Oslo sinn nach virun eis.

27806414001_95f8ab20c9_o

De Minister Bausch huet elo viru kuerzem annoncéiert hier wéilt elo een “Covoiturage-System” lancéieren deen ähnlech wéi Uber funktionéiere soll: Eng Alibi-Method fir ze versichen esou ze maache wéi wann de Problem geléist wier. Kloer ass dat hei: D’Taxien zu Lëtzebuerg sinn ze deier an d’Regierung ass déi eenzeg déi de Marché opmaache kann fir dës Situatioun ze verbesseren.

Ganz vill Chauffeuren déi a Servicer wéi Uber schaffen ware virdrun aarbechtslos oder der Kriminalitéit ausgesat, an och wann si elo vill Stonne schaffe mussen fir ee Mindestloun kënnen ze verdéngen: Et ass een Job an deem si Costume a Krawatt undinn an all Dag enger éierlecher Aarbecht no ginn. Mir sollten eisen Aarbechtsmarché op dës nei Servicer ausriichten amplaz se trotzeg an d’Illegalitéit ze drécken.

Den Taxismarché fir d’Konkurrenz opmaache misst fir d’Regierung eng Evidenz sinn: Et hëlleft jonken Aarbechtslosen an deenen ouni Ausbildung aus hirer précairer Situatioun eraus ze kommen, et reduzéiert d’Transportkäschte wat domat och de Risiko verréngert dass besonnesch Jonker nodeem se gedronk hunn nach op den Auto zeréckgräifen an et mëscht d’Stad Lëtzebuerg méi attraktiv fir Geschäftsleit an Touristen.

Technologesche Fortschrëtt aus keng Gefor fir “de Lëtzebuerger Modell”, et ass eng wichteg Evolutioun an ee Wäert vu sozialer Gerechtegkeet.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s