De Réckbléck vun der Woch [08/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

De Xavier Bettel mat berechtegte Suergen em d’Meenungsfräiheet

Op d’Fro hin wat d’Lëtzebuerger Regierung géint déi sougenannten “Fake News” um Internet – dat heescht bewosst falsch Noriichten déi ee politescht Zil verfollegen – maache wëll, sot de Premierminister Xavier Bettel um Méinden dem Lëtzebuerger Wort dass ee weiderhin d’Meenungsfräiheet verdeedege wäert, och wann Informatioune verbreeden eng gewësse Verantwortung mat sech bréngt. Effektiv ass de Sujet “Fake News” problematesch, well d’Definitioun wien dann elo genau litt arbiträr ass, an dat lescht wat mer wëllen ee Staat ass deen decidéiert wéieng Presseorganer legitim sinn oder net. Mat falschen Noriichten ëmgoen ass eng komplizéiert Saach fir d’Notzer vu soziale Medien, an awer seet de Xavier Bettel ganz richteg:

“En même temps, les réseaux sociaux offrent des opportunités nouvelles pour la liberté d’expression.”

Fact-checking ass haut esou wichteg an esou einfach wéi nach ni.

Et bleift ze hoffen dass dem Premier seng zweet Iwwerleeung fir de Sujet um europäesche Plang ze reegelen sech net materialiséiert, well d’europäesch Kommissioun net bekannt ass fir hier léift fir fräiheetlech Grondsazprinzipien.

D’Wahrscheinlechkeet dass dir an Zukunft bei Amazon schafft klëmmt

Iwwer 1 500 Leit schaffen deemnächst insgesamt bei Amazon zu Lëtzebuerg, deenen hire Siège am Gronn an um Kierchbierg ass. 500 nei Plaze kommen am Kader vun der europäescher Extensioun vum Online-Versandhändler am Grand-Duché dobäi, schreift de Paperjam um Méinden. Amazon schafft sech esou op der Lëscht vun deene wichtegsten Employeuren zu Lëtzebuerg erop, mat méi Personal wéi DuPont de Nemours, Cargolux, oder KPMG.

Lëtzebuerg als Kado? Naja…

Um Méinden schreift d’Wort dass d’Geschäftsfra a republikanesch Aktivisten Georgette Mosbacher wahrscheinlech déi nächst amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg gëtt. D’Millionärin huet schonn am Februar d’lescht Joer als Commentateurin fir de Sender Fox News den Donald Trump gelueft:

Ee Mount virun de Wahlen, op d’Fro vun der Financial Times hin, huet d’Mosbacher zouginn op verschiddene Plazen net mat der Politik vum Donald Trump d’accord ze sinn, notamment a Saachen Immigratioun, just fir am nächste Moment drop ze insistéieren dass hien awer ee korrekte Mann wier.

Ech géif just ufügen dass wann ech selwer no der Wahlcampagne eng Faveur vum amerikanesche Präsident ze gutt hätt, Lëtzebuerg wier sécher net mäin éischte Choix…

De Chômage fällt op 6,2% zréck

Um Dënschden mellt d’Adem dann dass d’Unzuel un Aarbechtslosen zu Lëtzebuerg ëm 576 Leit gefall ass, also insgesamt 6,2%. Bei dëser Geleeënheet ass et ëmmer gutt drun ze erënneren dass Aarbechtsplaze vun Entreprise geschaaft ginn, net vu Regierungen. Just saying…

De Jean-Claude Juncker mécht sech nees keng Frënn op der Insel

Um Mëttwoch schreift d’BBC iwwer dem Jean-Claude Juncker seng Remarquen am federale Parlament an der Belsch, wou hien ënnert anerem verkënnegt huet dass d’Rechnung fir Groussbritannien “eng deier géif ginn”. Insgesamt géife mir hei vun enger Zomm vun 51 Millioune Pond, also 60 Milliounen Euro, schwätzen, déi vum Ufank vun de Negociatiounen un misste bezuelt ginn. Wat elo genau geschitt wa London decidéiert net ze bezuelen ass net bekannt…

E neien CSV-Fonctionnaire deen de Ministère verloosse muss

Um Donneschden mellt d’Lëtzebuerger Wort dass de ranghéije Beamten Michel Lanners endlech erausgeheit sech dozou decidéiert huet Direkter vum dem Hotelslycée Alexis Heck zu Dikrech ze ginn. Net sécher op de Wort Redakter d’Ironie a senger Tastatur gespuert huet wéi e geschriwwen huet:

“Doch als Idealbesetzung kann man Lanners aufgrund seines beruflichen Profils nicht gerade bezeichnen.”

Interessant, hat d’Wort dach wéineg Schwieregkeeten dass ee geléierte Sportsproff 17 Joer laang am Ministère geschafft huet, an als Direkter vum Département des affaires générales Finanzen, Personal oder Statistike geréiert huet, a mat responsabel fir de Schoulreform-Desaster vun der fréierer LSAP-Educatiounsministesch Mady Delvaux war. Kéint et domat ze dinn hunn dass de Michel Lanners ee vum CSV-Minister Fernand Boden ernannten CSV-Member ass?

De Wort-Chefredakter Jean-Lou Siweck beschreift d’Situatioun op Twitter esou:

Et bleift ze hoffen dass dat stëmmt an dass d’Diskussioun iwwer politesch Beamten déi mat de Ministère wiesselen nees ugee

Aserbaidschan wëll ee Lëtzebuerger Europadeputéierten festhuelen

D’Autoritéite vun der Republik Aserbaidschan hu bei Interpol ugefrot dass si de Lëtzebuerger CSV-Europadeputéierte Frank Engel ausgeliwwert kréien. D’Tageblatt schreift um Donneschden de Grond heifir wier well hien déi separatistesch Regioun Berg-Karabach betrueden hätt. De Paperjam mengt um Freiden hien hätt an dëser Regioun als Observateur vun engem Referendum fungéiert. Well Baku (d’Haaptstad vun Aserbaidschan) dës Regioun net unerkennt, sollen de Frank Engel an déi zwee aner Europadeputéiert déi hie begleet hunn elo viru Geriicht kommen. Den Ausseminister Jean Asselborn huet confirméiert dass et um Behuele vum Frank Engel kee Problem gëtt. De Betraffene selwer hat aner wieder fir den autoritäre Regime, deem seng Demarche hien dem Paperjam géigeniwwer als «débilité politique» beschriwwen huet.

Wien sech mat Juristerei auskennt dee misst allerdéngs wëssen: Wien de Frank Engel viru Geriicht veruerteele wëll, dee muss e virtéischt an der Stad Lëtzebuerg mam Auto unhale wann e 2,9 Promill am Blutt hat.

De Sherlock Asselborn schwätzt nees iwwer d’EU

Eise weisen Ausseminister seet um Samschden dem Däitschen Tagesspiegel:

“Das heutige Polen unter Jaroslaw Kaczynski könnte nicht mehr EU-Mitglied werden.”

Mir spillen direkt dem Sherlock Asselborn säi Watson a weisen drophinn dass déi aktuell Critère vun der Europäescher Unioun och folgend Länner ausschléisse géifen (dat sief wa mer d’Kopenhagener an d’Maastricht Critèren uwenden): Ungarn, Griechenland, d’Belsch, Frankräich, Irland, Portugal , Spuenien, Zypern, Italien, Éisträich, Malta, Däitschland a Kroatien.

Dann hu mer op eemol nees Plaz an den EU-Gebaier…

Advertisements

One thought on “De Réckbléck vun der Woch [08/2017]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s