Kritik um Mindestloun dierf keen Tabu sinn

An der Lëtzebuerger Politiklandschaft ginn et eng ganz rei Sujet’en déi als Tabu gëllen: Dorënner Saache wéi den Index, d’Krankeversécherung oder de Mindestloun. Besonnesch beim Mindestloun misst den Debat allerdéngs animéiert sinn, well et vill Grënn ginn en net ze ënnerstëtzen.

D’Geschicht vum Mindestloun

Wéi an Amerika vum Ufank vum 20. Joerhonnert déi éischt Mindestloun-Gesetzer opkomm si war hier Intentioun eng aner wéi déi nobel Idee dass Mannerverdéngend méi Suen an der Täsch sollen hunn. Den amerikaneschen Ekonom Thomas Sowell huet dozou geschriwwen dass am Joer 1925 dës Gesetzer dofir suerge sollten dass japanesch Immigranten aus der Holzindustrie gedriwwe goufen. Och an Australien, wou déi wäiss Awunner sech vun der bëlleger chinesescher Aarbechtskraaft schütze wollten, goufe Mindestloungesetzer esou ugewennt. Am haitege Südafrika erënneren nach ëmmer vill schwaarz Aarbechter un de Mindestloun als Apartheid-Method vu wäisse Gewerkschaften.

De Mindestloun a senger Geschicht war een Outil vum moderne Rassismus. Wann dir iech elo sot dass dat scho kee gudden Ufank ass: Besser gëtt et op alle Fall net.

Präisser sinn net arbiträr, de Marché leet se fest

Interessanterweis léiert een am Lëtzebuergesche Lycée an der Mikroekonomie d’Relatioun zwëschen Offer an Demande, an et gëtt ee souguer iwwer de Problem informéiert deen ee schaaft wann de Staat Präisser festsetzt. Di logesch Conclusioun dass dat selwecht sech och op Salaire bezitt gëtt allerdéngs net gemaach, dat, oder d’Coursen loossen et gewollt ewech. Hei ass déi einfachste Method fir dat festzestellen:

screen-shot-2017-02-23-at-13-18-12

Wann de Mindestloun iwwer dem Marchéspräiss läit sidd dir an enger Situatioun an där är Demande sech net mat ärer Offer trëfft, dat heescht: Wann dir de Präis vun der Aarbecht eropsetzt gëtt et all Grond fir de Patron fir Alternativen ze fannen. Huele mer ee praktescht Beispill: Wann de Marchéswäert vun engem Aarbechter 9€ pro Stonn ass (dat heescht déi plus value déi hie fir d’Entreprise schaaft), mee dir setzt de Mindestloun op 11€ pro Stonn fest, da mëscht d’Entreprise ee Verloscht op dëser Aarbechtskraaft vun 2€ pro Stonn. Är Intentioun war villäicht gutt, mee d’Resultat vun deem Mindestloun deen dir ënnerstëtzt erreecht op ville Plazen negativ, besonnesch well d’Entreprise elo gewzongen ass op dëse Verloscht ze reagéieren:

picture 139/365 Follow my project with CClones 365-2011 on Twitter | Facebook

D’Reaktioun vun der Entreprise: ëmmer negativ

De franséischen Ekonom Frédéric Bastiat ass a sengem Buch “Ce qu’on voit et ce qu’on ne voit pas” op d’Konsequenze vu solche Legislatiounen agaangen:

“Dans la sphère économique, un acte, une habitude, une institution, une loi n’engendrent pas seulement un effet, mais une série d’effets. De ces effets, le premier seul est immédiat ; il se manifeste simultanément avec sa cause, on le voit. Les autres ne se déroulent que successivement, on ne les voit pas; heureux si on les prévoit. Entre un mauvais et un bon économiste, voici toute la différence: l’un s’en tient à l’effet visible ; l’autre tient compte et de l’effet qu’on voit et de ceux qu’il faut prévoir.”

Wien de Mindestloun setzen oder erhéije wëll dee muss sech verschiddene Konsequenze bewosst ginn. Eng vun dëse Konsequenzen ass dass duerch de Verloscht deen d’Entreprise mécht, de Patron sech d’Fro stelle muss op hien dës Aarbechtskraaft brauch: Dat heescht hie mécht eng quantitativ Analys. Eng qualitativ Analys fënnt dann statt wann de Patron versicht zwee Salarié’en duerch ee besser-schaffenden Aarbechter ze ersetzen, oder wann hien Interêt doru kritt fir Aarbechtsplaze komplett ze mechaniséieren (gutt Beispill sinn automatesch Keesen a grousse Super-marché’en). Eppes ass kloer: Wien de Präis vun der Aarbechtskraaft erop setzt (esou wéi ëmmer wann een de Präis vun eppes eropsetzt), dee kritt manner dovun.

Studien an den USA an den 1990’er Joren hu gewisen dass de Mindestloun genau deene Leit schuet deenen en hëllefe wollt andeems et de Chômage eropdreift, d’Wahrscheinlechkeet reduzéiert dass een der Aarmut entkënnt an dass et d’Chancen op méi héich Salairë verréngert.

Et gëtt Zäit den Tabu em de Mindestloun ze briechen. Déi Geschiedegt beim Mindestloun si virun allem déi deene mir am meeschten hëllefe sollten.


[1]  The Effect of New Jersey’s Minimum Wage Increase on Fast-Food Employment: A Re-Evaluation Using Payroll Records, 1995

Do Minimum Wages Fight Poverty?, 1997

Minimum Wages and Employment in France and the United States, 1999

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s