Europa brauch drengend eng méi offen Handelspolitik

Dëse Beitrag ass de Script vu mengem Fräie Mikro, deen den 31. Januar um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

bill-wirtz-radio-1007

Foto: Radio 100,7

Haut viru genau 168 Joer sinn déi englesch Corn Laws, d’Weesgesetzer, déi 1815 agefouert goufen, nees ofgeschaaft ginn. Dës Legislatioun war ee Beispill vu purem Protektionismus aus dem 19. Joerhonnert: Déi konservativ Groussgrondbesëtzer am Parlament zu Westminster hunn decidéiert dass Groussbritannien Weessimporter aus dem Ausland héich Steieren operleet. Zil war et heibäi déi lokal Produktioun ze bevirdeelegen. D’Resultat vun dëser isoléierter Handelspolitik schéngt offensichtlech: Während déi britesch Producteur’en profitéiert hunn sinn d’Weesspräisser ab den 1830’er Joer explodéiert. Soubal déi auslännesch Konkurrenz ausgeschalt war konnten d’Groussgrondbesëtzer d’Präisser an d’Luucht dreiwen, wourënner besonnesch d’Aarbechter gelidden hunn. Um 31. Januar 1849 ass schlussendlech duerch ee Gesetz wat 1846 gestëmmt gouf, déi ekonomesch Katastroph vun de Corn Laws unerkannt ginn an d’Import-Taxen si verschwonnen.

Iwwer 150 Joer al ekonomesch Erfahrung schéngt allerdéngs wéineg Effekt op dat politescht Personal vun der Europäescher Unioun ze hunn. Ganz au contraire, d’Europäesch Union, obwuel si de fräien Handel INNERHALB vun hiren eegene Grenzen als immens wichteg ugesäit, bedreift wäitaus schlëmmere Protektionismus wéi d’Briten am 19. Joerhonnert. Net nëmme ginn et Import-Taxen, mee d’EU huet och Mëttel wéi d’Agrarsubventiounen an Iessensstandard’en. Iwwerleet just emol eng kéier wat dat genau heescht: En Zentralafrikanesche Bauer kann seng Produit’en net an Europa verkafe well d’EU Standarde setzt, déi hie am Liewen ni wäert kënne respektéieren, a souguer wann en et kéint géifen déi europäesch Baueren nach ënnert sengem Präis verkafe well si vum Staat subventionéiert ginn. D’Resultat si veraarmen afrikanesch Baueren an europäesch Konsumenten deenen hier Liewensmëttel op laang Dauer méi deier ginn.

Währendeems huet Australien längst annoncéiert dass si mat Groussbritannien “esou séier wéi nëmme méiglech” nom Brexit ee Fräihandelsofkommes wëllen ofschléissen. D’Europäesch Unioun dogéint huet ni och nëmmen den Uschäi gemaach mat Australien handelstechnesch wëllen zesummen ze schaffen, a scho guer net mat Afrika.

Fir de Bauer an ärer Noperschaft sinn als des protektiv Mesurë vun der EU villäicht gutt, mee op länger Dauer kommt dir an hien a sérieux ekonomesch Schwieregkeeten.

Am Mäerz ginn d’Brexit Diskussiounen offiziell un, et bleift ze hoffen dass d’Europäesch Unioun an de Jean-Claude Juncker net genau déi selwecht Feeler maachen wéi d’Briten am Joer 1815. Et gëtt Zäit dass d’Geschicht sech net widderhëlt an Europa a richtege Schrëtt a Richtung fräien Handel mëscht. Nëmmen dereguléierte fräien Handel bedeit ekonomesch Chancë fir d’Zukunft.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s