Eng statesch gréng Weltvue

Dësen Artikel ass eng Äntwert op den Artikel vum déi Gréng-Präsident Christian Kmiotek, deen a sengem Blogpost vum 20. Dezember, “Lëtzebuerg weider denken, de System vum ekonomesche Wuesstem iwwerdenke wëll. 

“En ongeplangte Wuestum huet eist Land iwwer déi lescht 20 Joër massiv verännert.”

Bon et geet wierklech direkt schlecht un. Här Kmiotek, Wuesstem ass d’Resultat wann Individuen an enger Gesellschaft eng Valeur ajouté kreéieren. Wann dir als Familljepapp wëllt d’Konditioune vun äre Kanner verbesseren, da schaaft dir domat Wuesstem, well dir iech an d’Kreatioun vu Produkter a Servicer investéiert (ausser natierlech dir schafft beim Staat, dann hutt der just dem Privatsecteur méi Suen entzu wéi der Valeur geschaaft hutt). Dir kënnt globale Wuesstem net plangen, well et eng mënschlech Natur ass, déi de Staat mat Gesetzer héchstens zeréck hale kann.

“D’Politik hat et verpasst, d’Erausfuerderungen unzegoën a Lëtzebuerg a Richtung Nohaltegkeet z’entwéckelen. Eréischt mat dem Regierungswiessel virun 3 Joër koum en Ëmsteieren: endlech gëtt eng ressortiwwergräifend an zielgeriicht Zukunftsgestaltung bedriwwen.”

„Et muss Schluss si mat wëllem Wuestum.“

Wat een sech ënnert “wëllem” Wuesstem muss virstelle steet op, en ekonomeschen Terme ass et op alle Fall net. Wann een sech d’Zuele vun der Lëtzebuerger Croissance esou ukuckt dann ass eng Entwécklung déi mat vill Méi emol net 5% erreecht net wierklech wat ech mam Wuert “wëll” associéiere géif.

capturestatec

Nohalteg ekonomesch Entwécklung entsteet duerch Innovatioun, an Innovatioun entsteet just an engem ekonomesche Modell an deem et Wuesstem gëtt. Dir kënnt net erwaarden dass äre Supermarché innovéiert (andeems en zum Beispill méi innovativ automatesch Keesen installéiert) wann e kee Profit gemaach huet deen en a Recherche a neit Material investéiere kann. Ekonomesch Innovatioun a Wuesstem funktionéieren an engem harmoneschen Zesummesinn.

„De Ressourceverbrauch an de Wuestum musse vunenee lassgekoppelt ginn.“

Wat heescht dat? Mënsche solle fir d’Produktioun vu Gidder a Servicer Ressource benotze mee dierfe keng Valeur ajouté schafen? Soll de Schräiner vum Eck aus Holz ee Stull maachen ouni doduerch ee Produkt ze schafe wat méi Wäert huet wéi d’Matière première?

Ech verstinn d’Bedenken der grénger Ideologie: Et ass den dënne politesche Fuedem zwëschen Angscht viru Pollutioun an Degradatioun vun der Ëmwelt befriddegen ouni dem Wieler erklären ze mussen dass et him un iergendeppes feele wäert. An dat muss ech dem Här Kmiotek soen, geet net. Dir musst ee politesche Choix treffe mat deem dir musst éierlech ëmgoen: Wann dir wëllt der Ëmwelt zuléift de Ressourceverbrauch erof setzen, da musst dir acceptéieren dass et Leit, déi dovun ofhängeg sinn eng Valeur ajoutée ze schafen, méi schlecht wäert goen.

9293542346_955184fef8_k

Wat dir fuerdert ass eng statesch Gesellschaft, déi net wiisst an sech mat den Avancen déi Generatioune virun eis gemaach hunn zefridde gëtt. Dat ass den Doudesstouss fir Leit mat niddregem Akommes. An ärer Weltvue kann Akommesmobilitéit just stattfanne wann eng Persoun enger aner eppes ewech hëlt. Bei Wuesstem kënnen Individuen sech un hirer Aarbecht beräichere wann se sech genuch investéieren. Ekonomesche Wuesstem ass den Ausdrock vu méi Fräiheet an Opportunitéit.

“Fir mech ass de Wuesstum keen eegestännegt Ziel.”

Dat ass Wuesstem och net. Hei huet den Här Kmiotek och Recht: Ekonomesche Wuesstem seet an a fir sech näischt iwwer Liewensqualitéit aus. D’Kausalitéit ass nämlech ëmgekéiert: Ee Liewensstandard deen erop geet wierkt sech op ekonomesche Wuesstem aus.

Wat falsch ass, ass dass Politiker mengen si kéinte Wuesstem kontrolléieren a fir nobel Zwecker “an di richteg Richtung” leeden. Dobäi huet Kontroll vun der Ekonomie ee Präis, an zwar deen, dass en Innovatioun verhënnert. Wa mir viru 50 Joer den Auto verbueden hätten, dann hätt en net déi technologesch Avancen a Saache Spritverbrauch gemaach déi mir haut hunn. Déi eenzeg déi Wuesstem steiere sinn Individue mat hier Demanden a Besoin’en.

Als Schlussfolgerung wollt ech dem Här Kmiotek nach eppes mat op de Wee ginn: Ären Titel, och wann e villäicht gutt klengt fir är nächst Wahlcampagne, ass leider ongewollt verréideresch. “Lëtzebuerg weider denken” ass grammatikalesch am Lëtzebuergesch net korrekt, richteg ass (no der Logik wéi se am Däitschen och ass) d’Verb weiderdenken uneneen ze schreiwen. Witzeg ass awer hei net dass dir ee Feeler an ärem Titel maacht, Feeler mécht jiddereen, mee dass “Lëtzebuerg weider denken”, also dass zu Lëtzebuerg innovativ no Léisunge gesicht gëtt, déi dann ekonomesche Wuesstem erbäi féieren, ären eigentlechen Titel misst sinn, an net dass DIR an eng Equipe an engem Politbüro “Lëtzebuerg weiderdenken” sollt.

Dir zitéiert den Albert Einstein op ärem Blog. Nodeems der Einstein gelies hutt, liest elo Friedrich Hayek:

“The curious task of economics is to demonstrate to men how little they really know about what they imagine they can design.”


Thanks for liking and sharing!

Advertisements

One thought on “Eng statesch gréng Weltvue

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s