Der Regierung bleiwen zwee Joer fir d’Lëtzebuerger Drogepolitik ze verbesseren

Zu Lëtzebuerg liewen iwwer 90 000 Portugisen, vun deenen déi grouss Majoritéit entweder méi laang a Portugal gelieft huet oder sech a reegelméissegen Intervaller laang a Portugal ophält. Eis portugisesch Matbewunner wësse wéi eng méi effektiv Drogepolitik an engem Land gefouert ka ginn.

Amplaz wéi zu Lëtzebuerg de véierten nationalen Aktiounsplang “fir Drogepräventioun” ze presentéieren, deen ouni Effekt just dofir do ass fir dem Gesondheetsministère eng nei Méiglechkeet ze schafe fir eng nei Pressekonferenz anzeberuffen, huet Portugal am Joer 2000 déi richteg Froe gestallt, notamment: Wat sinn d’Problemer mat Drogekonsum, a wou kommen se hier? D’Konklusioun war dass all déi negativ Effekter déi vill Lëtzebuerger mat Drogekonsum verbannen duerch Prohibitioun ausgeléist ginn: E Verbuet kreéiert ee Schwaarzmaart fir eng récksiichtlos Mafia déi mat schlechte Produit’en vill méi schlëmm kriminell Aktivitéiten, wéi zum Beispill Mënschenhandel, finanzéiert. Als Resultat huet Portugal am Joer 2001 all Drogen entkriminaliséiert.

3070163424_f3fddaca22_o

D’Resultater vun der portugisescher Politik sinn immens positiv: 17% manner nei HIV-Infektiounen, 50% manner Doudeger duerch Iwwerdosis an ee 6%’tege Réckgang vun der Drogeconsommatioun vu Jugendlecher. (Source) Firwat? Well d’repressiv Moossnahmen duerch eng Police, déi just domat beschäftegt ass ongeféierleche Klengkriminellen nozelafen, Leit net zu responsabel Bierger mëscht. Ganz au contraire, weder Jonken nach Aalen ass domat gehollef dass bal een Drëttel vun eisem Prisong mat Leit gefëllt ass déi wéinst Drogendelikter agespaart sinn.

D’Regierung huet net méi vill Zäit fir eng adequat Drogepolitik ëmzesetzen, well no 2018 kann d’politesch Landschaft nees anescht ausgesinn, a vun enger CSV, déi sech haut scho kaum doriwwer erkritt dass Leit wëllen een Duch iwwer de Kapp undoen, ass a Saache Legaliséierung oder Entkriminaliséierung net vill ze erwaarden.

Mesure fir Legaliséierungen oder Entkriminaliséierunge sinn de richtege Startpunkt fir an enger fräier Gesellschaft iwwer Risiken a Responsabilitéiten ze schwätzen.

Schlëmmstefalls… frot emol är portugisesch Frënn!


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s