Angscht Virun Atomenergie Gëtt Eis AN Der Ëmwelt Eng Deier

Säit dem Accident an der Atomzentral zu Fukushima gouf di allgemeng Angscht a Paranoia virun Atomenergie nëmme verstäerkt, zu Lëtzebuerg ganz besonnesch vis-à-vis vu Cattenom. Dobäi ass zu Fukushima d’Unzuel un Doudegen duerch Verstrahlung ganz genau 0[1], an Atomenergie am Allgemengen a kenger Hinsicht geféierlech. D’Angscht virun Nuklearenergie ass allerdéngs ee massiven Ëmweltschued deen eis vill Sue kascht.

Wann ee Leit freet u wat si beim Saz “Séibiewen a Japan 2011″ denken, dann ass déi eenzeg Associatioun déi een esou héiert déi vum Accident vun der Atomzentral Fukushima 1. Dass bei dësem Accident kee mënschleche Schued ugeriicht gouf an dass bei dësem Séibiewen 10.000 Leit ëmkomm sinn, gëtt ze denken: Wéi irrational ass eis Angscht virun Atomenergie?

15222632609_058f031a0f_k

Atomenergie ass bewisenerweis déi effizientsten an ëmweltfrëndlechsten Alternativ fir Energieproduktioun déi mir hunn. Wéi Däitschland no de Virfäll a Japan decidéiert huet “d’Energiewende” anzeleeden, war kloer dass dëse Changement, also d’Ofschalte vu Atomkraaftwierker, just zu enger méi héijer Produktioun vun Elektricitéit duerch Kuel a Gas géif féieren. Am Beispill vu Kuelekraaftwierker sinn eleng an den USA an deene leschte 15 Joer iwwer 400 Aarbechter ëmkomm, eng Zuel déi nach méi héich an drëtt-Welt-Länner ass.

Gläichzäiteg gesäit een déi enorm Käschtenévolutioun an Däitschland. D’lescht Joer huet eng IW (Institut der deutschen Wirtschaft)-Studie erginn dass d’Energiewende Haushalter 28 Millionen Euro pro Joer kascht. Dozou kënnt dass Däitschland iwwer dëse Wee all Chance verspillt huet fir d’Klimaziler anzehalen. Duerch déi enorm Erhéijung vun der Produktioun duerch Kuel, Ueleg a Gas missten eis däitsch Noperen hier Effort’en verfënneffachen fir bis 2020 d’Ziel vun der Reduktioun vun 40% un CO2-Emissiounen ze realiséieren. Atomreakteren hätte bis 2020 300 Milliarden Tonnen CO2-Emissiounen vermidden wann net de “grénge” Shift – d’allgemeng Skepsis virun Atomenergie – komm wier.

2599816595_41757331ce_b

Sougenannten “Ëmweltschützer” areeche mat hirer Panikmaacherei also genau de Géigendeel vun deem wat se priedegen.

Kritik kritt d’Technik u sech, dobäi misst déi legitim Kritik u Staatsmonopoliste wéi EDF goen, déi sech bewosst sinn dass si Verloschter (am Fall) op d’Steierzueler verbreede kënnen. Wien Atomenergie an Zukunft méi bëlleg, sécher, innovativ an effizient maache wëll, dee muss dës Zentrale privatiséieren. Dat weist sech zum Beispill duerch Megaprojet’en wéi dem Bill Gates säin TerraPower. Nëmme wann Profitter a Risike privat sinn, ginn di richteg Ureizer um Marché geschaaft, fir eng Zukunft an där mir net mat gréngen Horrorzeenarie mat de Gefiller vun de Leit spillen.


[1] “Radiation exposure following the nuclear accident at Fukushima-Daiichi did not cause any immediate health effects. It is unlikely to be able to attribute any health effects in the future among the general public and the vast majority of workers.”

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

4 thoughts on “Angscht Virun Atomenergie Gëtt Eis AN Der Ëmwelt Eng Deier

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s