Brexit ass just eng nei Chance fir Groussbritannien

Den DP-Generalsekretär Marc Ruppert huet sech an engem rezente Blogpost mam Sujet Brexit an d’Konsequenzen dovun op europäesch Politik beschäftegt. Et géif no Referendumskultur feelen an d’Europäesch Unioun misst sech elo besënnen an aus Feeler léieren. Wat déi Feeler genau waren ass net erkläert, de Blogpost ass gutt ze vergläiche mat all politesche Statement deen an der leschter Woch vun EU-Offizielle gemaach gouf. Dobäi ass Brexit just fir ee Land eng Chance, an dat ass fir Groussbritannien.

“An awer féiert den Brexit bei ëmmer méi Briten zu engem Regrexit, dem Regret, dass net den Bremain dësen Referendum gewonnen huet an Groussbritannien elo aus der EU ausscheeden wëll a muss, mat allen Konsequenzen, déi dësen Austrëtt fir all Bedeelegt mat sech bréngt.”

Wourop baséiert sech dat? Et gouf eng eenzeg Ëmfro (vu Survation) nom Brexit Vote geholl, déi indiquéiert dass 7% vun der Befroten, wat ëmgerechent 1,3 Millioune Brite wieren, hire Leave-Vote op Remain ännere géifen. Gläichzäiteg hunn och dausende Remain Supportere gesot si géifen nodréiglech hire Vote op Leave änneren, an alles an allen géif op ee Brexit als Endresultat eraus lafen (Source). Dozou muss een och dozou soen dass Survation dräi Deeg virum Vote ee Remain Resultat viraus gesot huet. Di Saach mat den Ëmfroen…

“A wéi engem Kader sollen Referenden stattfannen? Wéi kann een (virun allem de Politiker) d’Angscht virun Referenden huelen? A wéi kann de Referendum dozou bäidroen Demokratien, op nationalem an EU Niveau, ze moderniséieren?”

Froe wéi dës géifen net gestallt gi wann d’Resultat ëmgedréit wier, da wier et nämlech business as usual. A genau dat ass de Punkt. Dëse Referendum ass net d’Resultat vun enger Decisioun déi d’Regierung vum David Cameron iwwer Nuecht geholl huet. UKIP mécht säit 17 Joer Campagne fir ee Referendum, a spéitstens säit d’Liberal Democrats net méi an der Regierung sinn an Tory Deputéiert op d’UKIP Bänk wiesselen, ass de Referendum inevitabel gin.

27678701211_158bf0fcd4_o

De Referendum ass net dofir do fir d’Demokratie ze moderniséieren, en ass d’Demokratie selwer. D’Konzept fir de Referendum als Outil ze gesi fir eng politesch Klass ze reaniméieren déi total lousgeléist vun all Realitéit regéiert, dat provozéiert just nach éischter Trotz-Reaktiounen. No 2005 ass et kloer dass déi meescht europäesch Länner keng Referende méi wäerten organiséieren (Holland mat nennenswäerter Ausnahm a mat net esou erfreelechem Resultat fir d’EU). Sou schreift de Marc Ruppert richtegerweis dass “Sou goung et 2005 manner dorëms d’EU Bierger an een Dialog an an een Entscheedungsprozess mat anzebannen, wéi vill méi fäerdege Prozesser eng scheinbar Legitimitéit ze ginn.” Mee hien zitt d’Conclusioun zu Lëtzebuerg net doraus, well och zu Lëtzebuerg ass dovun auszegoen dass nom 3x Nee beim consultative Referendum 2015 dës Regierung keng weider Volléksofstëmmung méi wäert organiséieren (à part vun deem souwisou geplangte Referendum zur Verfassung).

“Souwuel op EU Niveau wéi och an de Memberstaaten selwer, ginn nei Weeër gebraucht fir d’Leit ze erreechen. Eng nei Referendumskultur alleng, kann des Aufgab zwar net erfëllen. De Referendum kann awer een wäertvollt Instrument sinn, wann e richteg agesat gëtt.”

An anere Wieder “da wann ee sécher ass dass een e gewënnt”.

“Wann een dem Referendum nämlech  allgemeng kloer Regelen gëtt (wéi z.B. d’Walbedeelegung) […]”

Ech hätt jo kéinte soen dass ech d’Wahlbedeelegung-Argument sou loosse wéi et ass, par contre muss een sech bei der Wahlbedeelegung beim Brexit-Referendum zum engen zu Ae féieren dass dëse Referendum, souguer nieft dem 1975 Referendum zur Europäescher Communautéit, dee meescht besichte Referendum an der britescher Geschicht ass an dass iwwerdeem just een Drëttel vun den 18-24 järege gewielt hunn, wat tendenziell déi sinn déi am meeschte Remain gewielt hunn.

27240041144_189537893a_o

Mee net wielen ass och wielen. Wee net wielt huet keen Interesse un der Participatioun, an dass genau déi déi wëllen dass Wieler informéiert an de Wahlbureau ginn elo soen dass ee Restriktioune soll aféiere wéi vill Leit wierklech deel huelen, dat widdersprécht sech.

Conclusioun

Groussbritannien huet eng Kultur vun individueller Fräiheet, Glawen un ee klenge Staat a Skepsis vis-à-vis vun der Zentraliséierung vum Pouvoir. Et ass einfach de britesche Wieler als oninforméiert oder als Affer vun enger Täuschung ze gesinn. Oninforméierte Choix gëtt et op béide Säiten, mee déi wäitgoend politesch Integratioun vun der EU huet dëst Resultat Joren am viraus ugekënnegt.

Groussbritannien huet elo d’Chance seng Relatioune mam Commonwealth nees opzehuelen (Australien a Neuseeland hu schonn ugekënnegt wëllen déi éischt ze si fir Fräihandelsaccord’en ze ënnerschreiwen), a besonnesch iwwerméisseger Reguléierung, besonnesch déi vun der Finanzplaz, lass ze ginn.

D’europäesch Unioun huet elo een anere Problem. No e puer Woche vun eidele Wieder wäert et net nëmme business as usual sinn, mee d’Eurokrate wäerte à long terme fir méi Harmoniséierung kämpfen, a dann si Steierkonkurrenz, eng scholdefräi EU oder eng europäesch Tax ob eemol net méi sou wäit ewech.

Wéi de Jean-Claude Juncker géing soen:

If it’s a Yes, we will say ‘on we go’, and if it’s a No we will say ‘we continue’.

A la bonne heure.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s