Sech iwwer RyanAir beschwéieren ass ee Luxus-Problem

Mat der Annonce dass d’Fluggesellschaft RyanAir ab dem éischte September vu Lëtzebuerg aus flitt, ass och Kritik un der Lowcost-Entreprise opkomm: niddreg Salairen, Konkurrenz fir d’Luxair, kee Grond bleift aus fir d’Stammdëschkommentarer op engem rationellen Niveau ze halen. Mee grad dass mir eis doriwwer beschwéiere kënne weist just wéi gutt et eis wierklech geet.

Dësen Artikel lauschteren

Wann een als Lëtzebuerger Student emol aus dem Land kënnt an engem opfält dass 1,50€ fir ee Liter Mëllech, 75€ fir eng Nuecht an engem Groussstadhotel an 200€ aller-retour fir ee Fluchticket, net fir jiddereen ee gudde Präis ass, da kritt ee méi Bewosstsinn dofir dass Lowcost ee wichtegen Zweck erfëllt. Oder soe mir et emol sou: Wann dir virun enger Woch d’Zeitung opgeschloen hutt, d’Noriicht vu RyanAir gesinn hutt an iech geduecht hutt “mat deene fléien ech awer sécher net” dann ass d’Wahrscheinlechkeet héich dass dir et iech och anescht leeschte kënnt op London oder op Porto ze kommen, dass dir net musst fréi reservéiere fir dee bëllegsten Ticket ze kréien an dass dir net de grousse Bagage ewech loosst well dee bei der Luxair jo mat dran ass a well dir vum Fluchhafen aus jo souwisou den Taxi huelt.

9293590985_7bdc069c99_o

RyanAir wäert eegenen Angabe no 200.000 nei Client’en op Lëtzebuerg bréngen, wat Sënn mécht wann een sech d’Distanz fir Client’en aus der Lorraine (Nanzeg, Metz, Épinal) ukuckt, déi elo missten op Frankfurt-Hahn oder op Bréissel-Charleroi fueren. D’Luxair selwer ass villäicht net erfreet duerch déi nei Konkurrenz, mee huet an engem Interview mam RTL och kloer gemaach dass si deem Challenge gewuess sinn.

RyanAir ass eng Beräicherung fir d’Lëtzebuerger Ekonomie an en Déngscht un all deenen déi sech genee wéi déi déi sech beschwéiere just eng Vakanz leeschte wëllen. Ech hoffen ech sinn net deen eenzegen deen hinnen eng schéi Vakanz an eng gutt Rees wënscht.


Pictures are Creative Commons and linked to their authors.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

2 thoughts on “Sech iwwer RyanAir beschwéieren ass ee Luxus-Problem

  1. Kevin Schmitt says:

    Deen eegene Halligalli op dem Bockel vun aanere Leit machen ass och just eng Form vun Ausbeutung. Déi sou “immens” Bëllegflieger wéi Ryanair, AirBerlin, Hop & co kënne déi Praïsser och just garantéieren wëll sie hiert Personal zu lächerlëche Konditiounen astellen, mee daat interesséiert ee studéierte Bachelor jo warscheinlech nët deen op kee Fall fier ee Mindestloun waert schaffe goën. Waat d’Beraïcherung vun der lëtzebuerger Economie ugeet sou ass déi Firma och reputéiert just dann ze kommen wa sie massiv Subventioune kridd (déi sëch och kënnen a Form vu ganz minimale Frais d’exploitation ausdrécken) esou dass de Revenu fir d’Land éischter vernoléissegbar ass wann een och matt aberechent dass déi 200.000 Clientën ee schons iwwerlaaschtene Stroossereseau nach méi zoubauen.
    P.s. Jo ech gönne mir de Luxus fir kënne matt Luxair op London ze fléien wou ech nët nach muss annerhallew Stonn mamm Zuch fueren fier op London ze kommen plus déi momentan nach 2 Stonnen Auto fier bis op de Flughafen. da passen ëch léiwer méng Zaïten un fir den Tarif vun 90 € ze kréien

    • “Deen Halligalli”, ech mengen dir passt ganz genau an d’Kategorie vun deene Leit déi sech ganz offensichtlech aner Präisser leeschte kënnen an deenen hier eesäiteg Vue manner bemëttelte Leit schued. Verstitt dir net dass sech net jiddereen de 90€ Euro op London-City leeschte kann? Och net jiddereen kann et sech leeschten iwwerhaapt zu London entweder ze liewen oder an d’Vakanz ze goen. Ech si begeeschtert dass dir souvill Suen hutt an iech et gutt goe kënne loosst, mee da loosst de Rescht vun de Leit a Rou fléien. Mir huelen iech näischt ewech.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s