There is no free lunch… or water

Um Chamber-Site gouf eng Pétitioun deposéiert fir Restaurant’en ze obligéiere Waasser fir näischt unzebidden. Als Konsument géif dat schlussendlech manner Präisstransparenz heeschen.

Den Economist Milton Friedman huet a sengem Buch an ee senge villen ëffentleche Rieden [1] erkläert dass eng Steier op Betriber ëmmer eng Steier op de Salarié’en ass. An och wann dës Informatioun empiresch beluecht, erkläert a verstanen ass, sou ass d’Notioun dass Gidder kënnen “gratis” sinn nach ëmmer präsent. Wa mer (als Beispill) dovun ausginn dass een am Restaurant 3€ fir eng Fläsch Waasser bezilt, da sinn an deenen 3€ eng ganz Rei Facteuren dran, notamment de Präis vun deem Waasser, den Transport, d’Fläsch, d’Glas wat benotzt gëtt an duerno gebotzt muss ginn a schlussendlech d’Zäit vun all deene Leit déi net fir näischt an deem ganze Prozess geschafft hunn.

48767596_fe734fcb5c_o

Wie mengt dass ee Gesetz wat d’Restaurateuren obligéiert Waasser “fir näischt” eraus ze ginn dee Problem léist, dee versteet wuel nach net grad dass Gidder Sue kaschten (respektiv huet nach ni eng eege Waasserrechnung misse bezuelen). Esou kann een sech virstellen dass op är 19,50€ Fläsch Wäin 1,50€ Waasser drop kënnt, an dofir elo 21€ kascht, genausou wéi ären Haaptplat elo 28€ amplaz vu 26,50€ ass. Villäicht hutt der och Chance an äre Serveur huet déi Suen einfach vun der Paie ofgehale krut, ausser natierlech, dir sidd selwer Serveur. Bezuelt huet iergendeen, gratis war et net. Dovun ofgesinn, vu que dass dir bei Waasser jo elo net méi eng Quantitéit géift bestellen, ass äre Waasserkonsum am Restaurant mat de Karaffen direkt vill méi héich, an esou och är Rechnung.

Op alle Fall hoffen ech fir iech dass et net äre Kach ass dee Suen ofgehale kritt. Dat kéint iech d’Iesse mol versalzen, an d’Salz ass jo bekanntlech am Präis mat dran. Prost.


[1] The Free Lunch Myth

Picture are Creative Commons and linked.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

2 thoughts on “There is no free lunch… or water

  1. Steph says:

    Hunn d’Peitioun net geliess, mee gratis Krunnewaasser kéint jo wuel ugebuede ginn? Ech fannen et egal wat dass ee plazeweis suguer vir e Glas Krunnewaasser muss blechen. An England oder den USA ass eng Carafe ‘tap water’ meeschtens gratis. Woubei een allgemeng muss soen dass Mineralwaasser och nemmen ‘liicht’ iwwerdeiert ass zu Letzebuerg.

    • Wéi ech am Artikel erkläert hunn ass d’Waasser net gratis, dir bezuelt deen een oder anere Wee dofir. Den Ennerscheed wann een et de Restaurant’en opzwengt, ass dass d’Konsumenten nach manner Präistransparenz hunn, dat heescht nach manner Afloss hunn op dat wat se eigentlech consomméieren.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s