De Problem mat dësem ADR Communiqué a 5 Punkten

Neit Nationalitéitegesetz vun enger blo-rout-grénger Regierung? Do war de Communiqué vun der ADR net ze evitéieren. De Contenu vum Schreiwes vun der Chamber-Partei ass verréideresch, an ass besonnesch wichteg ze ënnersträiche well si net eleng mat där Meenung do stinn, a well de Sujet vun deem Gesetz deemnächst wäert méi wichteg am Land ginn.

Link zum Communiqué

CaptureADR

#Gambia, dat läit wou scho méi?

Bon also di Saach mat Gambia, dat war alt eng léif charakteristesch Bezeechnung ee bis zwee Méint nom Oktober 2013, mee anzwëschen ass et verréideresch Semantik. Markant ass ëmmer dass am Ufank an Enn d’Wuert “Gambia-Regierung” opkënnt, quasi als Encadrement, als Erënnerung. Eng Erënnerung dodrun dass d’Regierung “jo net dem Wielerwëlle gerecht gëtt”. Andeems ee Gambia an d’Spill bréngt léisst een d’indirekt Connatioun iwwreg dass d’Regierung der Bevëlkerung an dem Land friem ass. Op et d’ADR freet dass et dobäi och een afrikanescht Land ass sief dohi gestallt.

#De Geheimplang vun der Regierung: Eis ofschafen

D’Verbindung vum Titel “den Ugrëff op d’Nationalitéit” mam éischte Saz “Wie wëllt Lëtzebuerger ginn, muss d’Lëtzebuerger Sprooch schwätzen.” implizéiert dass d’Regierung mat genau dëser Ausso net d’accord ass. Et ass de Système vun eppes soe mat deem di aner Säit d’accord ass, an dass de Lieser duerch Deductioun zum Schluss kënnt dass deen iwwer dee geschwat gëtt dass déi Säit NET d’accord ass.

#Wat war scho méi gefrot?

Dobäi geet et net ëm e Konsens mat alle Parteien an de Chamber, et geet ëm de Respekt virum lëtzebuerger Wieler, dee sech kloer an däitlech beim Referendum vum 7. Juni ausgedréckt huet.

Vu senge Victoire schwätze mécht jidderee gär, mee et sollt ee versichen de Kontext ze behalen. D’Nationalitéitegesetz huet mam Referendum vum 7. Juni näischt ze dinn. De Nee zu deenen dräi gestallte Froen (an et ass och net een eenzegen Nee, vu que dass net jiddereen 3 mol dat selwecht ugekräizt huet, ech inclus) steet a kenger Relatioun zur Reform vum Nationalitéitegesetz. Mee wéi klengt “eng Victoire” vun 80% besser wéi wann een se indéfiniment fir seng Zwecker notze kann: D’lëtzebuerger Wielerschaft wollt de 7. Juni net dass 16-järege scho kënnen un de Wahlen deelhuelen, net dass all d’Awunner dierfe wiele kënnen, a net dass d’Ministermandater limitéiert ginn. Wéi ee wéi de lëtzebuergesche Pass kritt stoung net zur Fro.

#Wëll d’ADR Flüchtlingen hëllefen oder net?

D’ADR huet gewisen dass vill vun hire Memberen a Mandatairen net onkonkret Ideen hunn wat Flüchtlingen ugeet. Besonnesch fir Leit déi hier ganz Existenz verluer hunn ass et wichteg séier an onbürokratesch sech um lëtzebuerger Aarbechtsmarché an innerhalb vun de Schengen-Grenze beweegen ze kënnen. Nëmmen esou kann och dat Lëtzebuerg dat d’ADR esou héich hält vun der economescher Opportunitéit déi sech eis bidd gebrauch maachen.

#No comprendo

Wien d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuele wëll muss net eng, mee dräi Sprooche beherrschen, an dat ass keng einfach Aufgab. Mir sinn eent vun deene wéinege Länner wat dat verlaangt. Mir si frou doriwwer méisproocheg ze sinn fir Sproochebarrièren iwwerwannen ze kënnen, an dat Lëtzebuergescht dat mir selwer oft net richteg schwätzen (wat och ëmmer richteg elo genee ass). Mat engem A2 Sproocheniveau huet een eng Grondlag vun der Sprooch, et kann een elementar Saachen erklären an Zesummenhäng verstoen. Et wéilt een heiansdo verschidde Politiker kéinten dat och…

#Conclusioun

Dann ginn et just nach di generell Saachen, Ausruffzeechen an engem Communiqué, den informellen Toun an d’Ofrënne mat dësem Paragraph:

Déi aktuell Propose vun der Gambia-Regierung iwwert d’Nationalitéitegesetz ass an den Ae vun der ADR en Ugrëff op d’lëtzebuerger Natioun an eng Frechheet géintiwwer deene ronn 80% vun de Wieler, déi sech beim Referendum fir d’Rechter vun de Lëtzebuerger agesat hunn.

Léif ADR, Lëtzebuerg gëtt net vun enger Regierung aus Afrika verwässert, et geet just drëms den Zougang zu der Lëtzebuerger Nationalitéit ze vereinfachen, eppes wat laang an der Diskussioun steet, well de lëtzebuerger Pass unzehuele bis elo net sonnerlech interessant war. An d’Flüchtlingen iessen iech och net de Kachkéis ewech.


De Sproocheniveau hunn ech virun zwee Joer an engem Artikel am Lëtzebuerger Journal ugeschwat:

1398171_406913556098209_1158977164_o

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s