Heeschen ass ee Choix, aarm sinn oft net

No mengem leschten Artikel wisou een d’Funktioun vum Heesche muss als Offre-Demande betruechten an deemno op de Wee sollt goen näischt ze ginn, krut ech a Gespréicher wéi am Netz vill Reaktiounen: “Simplistesch, elitär, egoistesch”, an där Reiefolleg, villäicht mat méi Ausruffzeechen. Ech wollt a menger Äntwert dobäi besonnesch op den Artikel vum Sveinn Graas agoen.

Lauschtert dësen Artikel

De Sveinn Graas wëll schwätzen. Iwwer Exklusioun. Sou heescht et opmannst am Titel vum Blogpost Ufanks August. Wien zu Lëtzebuerg dann elo Exklusioun bedreift, also wie responsabel ass, dat huet een am Artikel net eraus fonnt, eng Léisung derweil iwwregens och net. Mäin Artikel dogéint gëtt ernimmt, esou heescht et:

“Domat gëtt och iergendwou ënnerstallt, déi betraffe Leit wiere „selwer schold“ un hirem Schicksal; et wier just d’Konsequenz vu Choixen, déi se bewosst getraff hätten.”

Ech hunn an deem wat ech geschriwwen hunn keng Allusiounen dorop gemaach dass de Fait op d’Strooss ze goen an all Fall ee Choix ass, mee dass d’Motivatioun op der Strooss ze bleiwen duerch Almosen gesteigert gëtt. D’Fro op Heesche goen elo esou wéineg abréngt schéngt fir mech net esou schnell gekläert, besonnesch am Wëssen dass an der organiséierter Mendicitéit d’Geschäft boomt. Steierfräie Rendement, gell dir?

De Sveinn Graas fiert och korrekt virun:

Fir sech awer eeschthaft mat Obdachlosegkeet a sozialer Exklusioun ze befaasse, musse mer eis och  mat den Narrativer, der Perspektiv vun de Betraffenen ausenanersetzen. Si beweege sech innerhalb vu gewëssene Kontexter, sozialer, economescher, familiärer Natur, déi zu dëse Schicksaler gefouert hunn. Wien ignoréiert, wat se an dës Situatioun bruecht huet, dee verweigert sech enger dauerhafter Léisung vum Problem.

An do si mer eis eenz, Ursachebekämpfung ass déi richteg Approche an dësem Dossier. De Sveinn Graas selwer mécht just keng Léisungsusäz, ausser eng Kritik u mir an “der Stader Elite” déi anscheinend mat der geballter Kraaft vu Longchamps Poschen an Hermès Hiemer d’Stad occupéiert huet, ass am Artikel net vill eraus ze liesen. Dobäi ass de reelle Problem vun deenen an der Aarmut déi do och eraus komme wëllen, ofgesi vun de falsche Motivatiounen duerch ze héich Sozialleeschtungen déi ech am leschten Artikel ernimmt hat, virun allem d’Konditioun vun der Economie. D’Verfassung vun niddreg qualifizéierten Aarbechtskräften zu Lëtzebuerg ass schlecht, well agestallt gëtt virun allem do wou héich Qualifikatioune gebraucht ginn.

An op där Plaz muss een sech da fundamental Froen iwwer de Mindestloun stellen. De Mindestloun schreift dem Patron fir Persounen ze diskriminéieren, deenen hir Aarbecht net de minimale Stonneloun wäert ass. Dat heescht dass zu Lëtzebuerg d’Aarbechtskraaft 12€ pro Stonn MUSS wäert si fir dass de Patron eng Persoun astellt. Wann dëss Aarbecht just 9€ wäert ass, misst de Patron 3€ iwwer d’Realkäschten eraus bezuelen. Dat brengt zum Groussdeel mat sech dass Persoun A, d’Persoun B, d’Persoun C an d’Persoun D sech iwwer ee méi héije Salaire freeën, währenddeems d’Persoun E ni agestallt gouf, well de Patron kumuléiert 4×3€, also 12€ net reinvestéiere kann. An anere Situatioune verhënnert et dass d’Aarbechtsplaz iwwerhaapt existéiert; sou gëtt et zu Lëtzebuerg beispillsweis kee Personal am Supermarché dat engem di kaafte Produit’en an Tute verpaakt. Fir 12€ ass dës Aarbechtsplaz onfinanzéierbar.

IMG_2100

Ouni d’Restriktioun vu staatlech festgesat Loungrenzen dinn sech nei Opportunitéite fir niddreg oder onqualifizéiert Leit op, an dat gëllt och fir Leit op der Strooss. Fir der Economie nei Startchancen ze bidde muss d’Regierung och méi serieux d’Vereinfachung vum Genehmegungsmechanismus a Steiersystem an d’considerabel Erofsetze vun de Steiertarifer a Betruecht zéien.

Alternativ dozou hunn d’Regierungen an der Vergaangenheet Aarbechtsinitiative creéiert, dat heescht si hunn der Economie iwwer Steieren Suen entzunn, déi deemno net kënne genotzt ginn fir Aarbechtsplazen ze schafen, an hunn dann Aarbechtsplazen do geschaaft wou se ineffizient sinn an net gebraucht goufen. Spéitstens wann schonn eis Gemengen sech vun dëse Mesuren distanzéiere muss een sech Froe stellen. Ze mengen de plein emploi iwwer de Staat ze erreechen, dat misst spéitstens säit 1989 endlech Geschicht sinn.

An dann och nach ee Wuert zu Spenden. Hei mengt de Sveinn Graas:

Natierlech ginn Almosen un eenzel Heescherten trotzdem net duer, fir hir Problemer ze léisen; genee sou wéineg awer eng reng Caritas-Politik, déi an éischter Linn op privaten Initiativen a Spende fousst – an domat vun uewen erof gefouert gëtt an ofhänkt vun der Gnod vun de besonnesch Privilegéierte vun eiser Gesellschaft.

Ech spende selwer a kenne Leit déi spenden déi ech net als “besonnesch privilegéiert” géif bezeechnen an déi och keen Usproch hunn eppes vun uewen erof ze diktéieren. Spende kommen oft vun deenen déi selwer rationéiere musse fir et ze maachen. Do läit och den Ënnerscheed zwëschen der Zivilgesellschaft an dem Staat, béid hunn näischt mateneen ze dinn.

Léiwe Sveinn Graas, ech waarden op ee Léisungsvirschlag.


Pictures are Creative Commons and linked to authors

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s