Näischt ginn ass ee gudden Ufank

Säit dem offene Bréif vum Gaston Vogel a mat der Hëllef vum lëtzebuerger Summerlach ass de Sujet vum Heeschen nees opkomm am Land. Déi éischt Reaktioun, notamment vun de Stater Geschäftsleit, ass fir no engem Verbuet ze froen. Eng méi einfach an durabel Léisung ass et einfach näischt ze ginn. Aus gudde Grënn.

Dësen Artikel lauschteren

Wéi de Steve Malanga vum Manhatten Institute of Policy Research zum Sujet seet:

“Individuals respond to incentives. If that incentive includes giving them money for no work, there will be more of them doing it.”

Soulaang wéi mir den Heescherten an der Stad Sue ginn, sief dat aus Matleed oder generellem Altruismus, soulaang schafe mir absolut keng raisonnabel Basis fir déi Betraffe fir hire Liewensstil ze änneren. Au contraire, mir motivéieren iwwer dee Wee méi Leit sech an d’Ofhängegkeet anzeloossen.

18454450979_33c74dccc6_o

Et gi jo verschidden Art a Weisen ze heeschen: aggressiv, matleedserreegend, opdränglech, passiv. An jo, heeschen ass net verbueden, an et gëtt och ultimement kee Grond fir d’Méiglechkeet op fräiwëlleger Basis enger eenzelner Persoun net kënnen, no deem si gefrot huet, Suen ze ginn. Ëmmerhinn ass duerno froen ëmmer nach besser wéi se ze klauen. Wéi vill et drëms geet dass Verschiddener opdränglech sinn schéngt schwéier erkennbar, well wann et nëmmen ëm de Fait geet dass een ugeschwat gëtt, dann sinn eis Chinesch Touriste mat de Kaarten, de Fransous fir d’Zigarett oder Feier oder de vollen Englänner deen aus dem Irish Pub kënnt genee sou chiant. Wann dat bis elo net gestéiert huet, an de Gaston Vogel dann spezifesch vu Rumänien schreift, dann ass d’Kritik dass d’Hautfaarf an den Ae vun deenen déi haut op Facebook an op der RTL Kommentarfunktioun ënnerwee sinn, eng Roll spillt, villäicht legitim.

De lëtzebuerger Staat gëtt fir d’Ënnerstëtzung vun deenen déi rem op d’Bee komme wëlle vill Suen aus, genee sou wéi Sachleeschtungen. Wien zousätzlech dozou nach een Effort maache wëll, wat absolut ënnerstëtzenswäert ass, dee muss sech d’Fro stellen op en eng iwwerluechten Allocatioun vu Ressource mecht wann en enger eenzelner Persoun Sue gëtt. Méi Sënn mécht et d’Suen un Organisatiounen ze spenden déi do investéiere wou et och wierklech gebraucht gëtt. Wat net anescht klengt wéi d’Konsumentenentscheedung ee Service oder Produit ze boycottéieren, ass och näischt aneres. Den Effekt ass déi selwechten: Op laang Dauer verschwënnt de Produit.

A beim Spenden ass et zousätzlech jo genee wéi mat der Béchs vum Heeschert an der Strooss: D’ass steierfräi.


Dësen Artikel gouf den 11/08/2015 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

One thought on “Näischt ginn ass ee gudden Ufank

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s