Wien de Studenten hëllefe wëll muss d’Studentesubsiden ofschafen

Iwwer 20.000 Studenten [1] bezéien eng Bourse am lëtzebuerger System. Säit der Reform vum Héichschoulminister François Biltgen déi d’Kannergeld an de Subsidemodell transforméiert huet, hunn d’Steierzueler 525 Milliounen Euro eleng fir dësen Deel vun der Héichschoulbildung ausginn. Gläichzäiteg klammen den Décrochage, de Jugendchômage, d’Disparitéit zwësche Studium a Offre d’emploi an d’Administratiounskäschten.

Dësen Artikel lauschteren

Wéi ech am Mee d’lescht Joer mäin Artikel Streikrieden – Ee Commentaire verëffentlecht hunn, gouf nach ëmmer immens kontrovers iwwer d’Reform vun de Studentesubside gestridden. Zënterhier hunn d’Gemidder sech immens berouegt: d’UNEL an aner Organisatioune sinn net méi à même (mol net op Basis vun immens oninforméierte Studenten) nach Leit géint de Boursësystem opzebréngen (och wann dat nach méi doru leie géing dass et net all Dag schoulfräi gëtt fir eng Demonstratioun). De Projet de loi 6670 huet d’Verdeelung gläichzäiteg méi logesch zesummegesat an administrativ méi opwänneg gemaach. Um fundamentale Problem deen duerch di artificiell Demande entsteet huet de Gesetzprojet allerdéngs näischt geännert. Mee genee do muss ugesat ginn.

BAEsince2010Zënter der Reform vun 2010 sinn d’Ausgaben fir Boursen explodéiert, de Projet de loi 6670 huet dës Entwécklung gebremst, d’Previsiounen weisen ee jäerlechen Ausgabeplus vun 2% [2]

De Mythos vum Student deen egalwéi eng Aarbecht fënnt, Relikt aus der Zäit vum François Mitterand

Fir ze verstoe wou den Effekt hierkënnt dass Politiker déi maximal Unzuel un Schüler an eng Héichschoulbildung kréie wëll (markantst Beispill war déi fréier LSAP-Educatiounsministesch Mady Delvaux), muss een zréck goen an d’franséisch Presidentschaft vum François Mitterand (1981 bis 1995). De deemolege Minister Chevènement huet 1985 d’Ziel gesat, dass 80 Prozent vun de franséische Studente solle studéiere goen, well se iwwer dee Wee besser Zukunftschancen hätten. De Prinzip: méi Studenten = manner Jugendaarbechtslosegkeet war ee politesche Konsens deen, vun der Faktelag onbeiert, d’Politik bis haut dirigéiert. Iwwer dee Wee sinn d’Studenteprêt’en an duerno d’Boursen entstanen, déi méi Studente motivéiere sollen op d’Uni ze goen. Déi Method huet geklappt, déi Länner mat deenen héchste Boursen hunn iwwer déi lescht Joeren een exponentielle Sprong gemaach (zu Lëtzebuerg vun 20% op 50% Universitéitszougäng nom Schoulofschloss säit dem Joer 2000). Just de Jugendchômage, deen ass esou héich wéi scho laang net méi. D’Kris vun 2008 an déi domat verbonne Rezessioun an Europa war dofir net d’Ursaach: D’Disparitéit zwëschen deene geléierte Beruffer an den disponibele Plazen um Aarbechtsmarché ass d’Origine vun deem weiderhin héijen a laangfristege Jugendchômage.

Subsidiéierung féiert zu artificieller Demande

Et ginn zwee Grënn firwat d’Demande fir Héichschoulbildung steigt: Als éischte Grond gëtt et ee ganz natierlechen, an zwar well méi Schüler Interessi hunn oder d’Opportunitéit dra gesinn ee Studium ze maachen. Den zweete Grond ass well se vun iergendwou eng Ressource kruten déi et hinnen et finanziell erméiglecht oder méi einfach mécht studéieren ze goen: Dat ka geschéien iwwer de Wee vun engem karitative Wierk oder ebe vu Staatsgelder iwwer allgemeng Subsiden. Zweiwellos hunn d’Studiebäihëllefe méi jonk Leit dozou beweegt studéieren ze goen, an dat war och hier Intentioun. Wann eng Entreprise op eemol zevill vun engem Produit produzéiert, kann se eventuell duerch effektive Marketing hier Demande erhéijen. Mat Bildungs- an Aarbechtsplaze funktionéiert dat awer net ganz esou einfach. Mat negative Konsequenzen.

Subside maachen d’Studéieren méi deier an/oder de Studium méi schwéier

D’exponentiell Erhéijung vun der Demande u Studieplazen duerch de staatleche Finanzement bréngt d’Incapacitéit mat sech, hier gerecht ze ginn. Elo ginn et zwou Méiglechkeeten déi d’Universitéiten hunn fir der héijer Demande entgéint ze wierken: Éischtens kenne si d’Unzuel un Aschreiwungen an hiert Établissement ganz strikt limitéieren. Dësen éischte Modell gëtt awer oft kritiséiert, e wier elitistesch an ongerecht, Grond firwat Frankräich de numerus clausus majoritär ofgeschaaft huet. Doduerch hunn sech vill méi Studenten op hiren Uni’en ageschriwwe wéi si Plaz hunn, wat si onweigerlech zu der zweeter Mesure gefouert huet: De Studium méi schwéier maachen. Net emol 30% vun de franséische Studente packen hire Bachelor ouni ee Joer ze widderhuelen, grad emol 43,8% komme vum éischten an dat zweet Joer a 19% vun de Studente kréie guer keen Diplom. (Source) Dës Selektioun ka mat sech bréngen dass Aarbechtsrealitéit a Programm vum Studium ausernee ginn. An all Fall schueden dës Effekter dem Student an dem Steierzueler.

Feel free to use this image just link to www.rentvine.com

Subsiden féieren zu Mangel un Demande an anere Formatiounen

Den Universitéitswahn dee grouss Deeler vum politesche Spektrum bedreiwen huet zu deem gefouert wat mir haut “d’Entwäertung vum Handwierk” nennen. Ënner der Illusioun automatesch méi kënnen ze verdéngen andeems een ee Studium mécht, a mat der Motivatioun vun der staatlecher Subsidiéierung huet d’Formation professionelle iwwer déi lescht Joeren ee considerabele Mangtum u Main-d’oeuvre befaang, déi och mam Import vun Aarbechtskräften aus dem Ausland oft net bewältegt ka ginn. Et ass net esou dass mir d’Handwierk kleng geschwat hunn, mee dass mir de Studium esou gutt geschwat a finanzéiert hunn dass ee net effektlose Stigma geschaf gouf.

Wat maachen?

Ee Studium ass en Investissement a sech selwer, dofir wier et an éischter Stell eng Méiglechkeet eleng iwwer de Prêt ze fueren. Op laang Siicht weist sech dass den Agrëff vum Staat an d’Héichschoulbildung wäitreechend Folgen op den Aarbechtsmarché huet, well vill ze vill Facteuren an der Ausbildung matspillen, déi Lenkungspolitik onméiglech mecht. D’Revaloriséiere vum Handwierk geet net duerch ee Flyer, mee duerch d’Schafe vun engem level playing field. D’Bekämpfung vum Décrochage an der Héichschoulbildung mécht sech net duerch Ministerrieden op Premièresofschlëss, mee duerch d’Autonomie vun den Unien déi sech der Marchésdemande upassen.

An iwwerhaapt geet et jo ëm d’Fro wisou mäin Noper meng Bourse soll bezuelen, an op ech selwer capabel si meng Sue besser ze geréieren wéi gewielte an ongewielten Staatsvertrieder. Enfin, alles wat mir am Moment maachen ass eis Steiersuen duerch eng deier an opwänneg  Administratioun lafe loossen duerch déi mir eis Bourse meeschtens eréischt nom Ofschloss vun eisem Semester kréien. Wat soll also esou kontrovers doru sinn dass mir déi Sue vun Ufank un einfach halen a selwer geréieren?

Wat déi Persounen ugeet déi e Studium absolvéiere wëlle, mee et finanziell sech net leeschte kënnen, kann een zwou Saache soen. Éischtens emol hu mir elo schonn immens vill Studenten déi dat betrëfft. Net déi, déi iwwerhaapt net studéiere kënnen (dofir sinn d’Substituter abdondant), mee déi, déi ee präzise Studium maache wéilten dee si sech net leeschte kënnen, entweder duerch d’Aschreiwungsfraisen oder duerch d’Liewenskäschten am Studieland (wat a béide Moossen ëmmer méi oft op Groussbritannien an d’Schwäiz zoutrëfft, mee och Studien op engem anere Kontinent). Si hunn d’Méiglechkeet dësen Investissement a sech selwer iwwer ee Prêt ze finanzéieren.

Lëtzebuerg huet keng developpéiert Kultur u karitative Wierker am Beräich Héichschoul. Scholarships si rar, déi eenzeg Motivatioun déi dem Schüler am Enseignement secondaire gi gëtt sinn d’Zougangsrestriktioune vun hire jeeweilegen Uni’en. Gesellschaftlech Effort’en fir déi, déi finanziell manner Mëttel hunn si net nëmmen ausserhalb vum Sozialstaat wichteg, si sinn souguer absolut néideg. [3] Mat der Absence vun engem staatleche Subsidemodell kënne mir der karitativer Héichschoulfuederung eng Dynamik zu Lëtzebuerg ginn, an deenen och besonnesch Entreprisen d’Incitatioun kréien sech fir d’Ausbildung vun zukünftege Mataarbechter ze interesséieren.

Dovun ofgesi ass d’Legitiméierung vun de Boursen eleng duerch de Faktor vu finanziell schwaache Famillen net ginn, well dat ass net hiren eigentlechen Zweck.

5188351708_322439ba2e_o

Mir loossen de Staat keng Hotelen oder Supermarché’en geréieren, well mer wëssen dass seng Conceptioun et net zouléisst dass en effizient schafft. Dat selwecht applizéiert sech wann et ëm eis Héichschoulbildung geet. Mir sinn all à même eis eege Ressource ze geréieren, a mir si generéis mat deenen déi manner hunn; wat mir net brauchen si staatlech Institutiounen déi dëse Werdegang mat Formulairen erdrécken. Oder wéi de Ökonom a Nobelpräisdreeër Friedrich Hayek géing soen:

“The more the state “plans” the more difficult planning becomes for the individual.”


[1] Question parlementaire N°873 vun den Deputéierten Hansen an Eischen un de Bildungsminister Meisch

[2] Offiziell Budget’s Zuelen (Budget 2012 an 2015 Excel Fichier), ouni d’Budgetsposten Aide financière de l’Etat pour études supérieures: bourses d’études (Crédit non limitatif et sans distinction d’exercice) oder Aide financière de l’Etat pour études supérieures: primes d’encouragement (loi du 22 juin 2000) (Crédit non limitatif et sans distinction d’exercice), respektiv aner Hëllefen.

[3] Een immens gut Beispill ass de Succès vun Organisatiounen wéi MSF, déi sech ausschließlech vun Don’en finanzéieren, an déi eng wäitaus méi effektiv Feldaarbecht maachen wéi verschidden UNO-Institutiounen (notamment am Kampf géint Ebola).

Pictures are Creative Commons and are linked to their authors.

Thanks for liking and sharing !

Advertisements

One thought on “Wien de Studenten hëllefe wëll muss d’Studentesubsiden ofschafen

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s