24 Froen zum Auslännerwahlrecht – Ee Commentaire

Viru kuerzem gouf den Debat géint d’Initiativ vum Auslännerwahlrecht am Referendum vum 7. Juni iwwert eng Internetsäit mam Numm Nee2015.lu lancéiert. Hannert dëser Aktioun, déi och Flyeren a Stickere produzéiert fir dës Campagne stiechen no Informatioune vum Site de Steve Kodesch an de Fred Keup (jo gell, ech duecht och et géif en alt Nimm gesinn déi ee kennt). Hier Säit huet dann och eng ganz Rei Argumenter mat deene mir iwwerzeegt sollen Nee stëmmen, vir d’éischt an engem Block deen “Argumenter” heescht. Well do awer post-apokalyptesch Punkte wéi “3. – D’Auslännerwahlrecht ass den Ufank vum Enn vun eiser Natioun” dra waren duecht ech mer ech géif dann awer léiwer hier Rubrik24 Froen zum Auslännerwahlrecht” auserneen huelen. A la bonne heure!

(Zitéiert Beiträg sinn ëmmer d’Argumenter déi Wuert fir Wuert vun hirem Internetsite kopéiert sinn)

“1. Wat sinn Nationalwahlen? Bei de Nationalwahlen gëtt en nationalt Parlament gewielt, dat dann soll d’Natioun vertrieden, also déi Leit déi d’Nationalitéit hunn, egal wou se wunnen. D’Chamber vertrëtt d’Natioun, an d’Natioun dat sinn net d’Auslänner, mä d’Lëtzebuerger.”

Deen éischten haarsträubende Moment fir all Studenten am Droit oder der Science politique. “Natioun” ass bei wäitem keen eenheetlech definéierte Begrëff. Eng endlos Unzuel un Dissertatiounen a Bicher philosophéiere säit Joerzéngte wat d’Natioun ass, respektiv wat de Lien zwëschen Natioun a Staat ass. De Lien zwëschen Natioun a Nationalitéit ze zéie schéngt mir vun der Capacitéit vun deene Leit, déi dës Internetsäit produzéiert hunn hier, reng op der Ähnlechkeet vun de Begrëffer ze leien. Eng Natioun ass eng Communautéit déi sech kulturell, historesch, (ofhängeg vun der Definitioun och…) reliéis oder linguistesch verbonne fillt an eng politesch Entitéit schaaft. Dass d’Nationalitéit en tant que telle net virkënnt, kann doru leien dass et entweder fir déi meescht Auteuren evident schéngt oder geschéngt huet, oder well et keng zwéngend Konditioun ass.

Dat nationaalt Parlament decidéiert iwwer d’lëtzebuerger Politik (also innerhalb vun der Natioun) an net FIR d’Lëtzebuerger. Et ass dofir jo och d’lëtzebuerger Regierung net d’Regierung VUN de Lëtzebuerger. Anescht wier et schwéier ze vertrieden dass d’Chamber ee Gesetz stëmmt wat ausser de Lëtzebuerger och anerer géing betreffen. Eleng dofir sinn Nationalitéit an Natioun politesch verschidden.

Mee am Sënn vum Argument huele mir emol un dass d’Nationalitéit een zwéngende Charakter vun der Natioun ass, wat wier dann de Problem vun enger Derogatioun? Et gi genuch Beispiller vu Länner déi Lëtzebuerg no den Definitiounen och net méi misst net méi unerkennen: Spuenien, Groussbritannien oder Italien (regiounenofhängegt Désunitéit), d’Schwäiz oder d’Belsch (linguistesch Désunitéit), Indien an iwwerhaapt all Land am mëttleren Osten (reliéis Désunitéit), oder Länner déi hiren Territoire net méi definéiere kënne wéi d’Ukraine.

“2. Kënnen Auslänner fir déi lëtzebuerger Chamber wielen? JO, Auslänner kënnen och elo schonn wielen wann se déi duebel Nationalitéit unhuelen dann ginn si Lëtzebuerger, dat ass net komplizéiert a bis elo en grousse Succès.”

Also éischtens emol ass een Auslänner mat enger duebeler Nationalitéit keen Auslänner, en huet nämlech dann ee lëtzebuerger Pass. D’Propositioun fir als Auslänner kënne wielen ze goe wier deemno “Net Auslänner sinn”. Ok…

“3. Kënnen Auslänner och wielen wann si net déi duebel Nationalitéit huelen? Jo d’Auslänner wielen eben fir hier Parlamenter. Sou hunn d’Auslänner hir eege Regierungen déi hir Interessen vertrieden. An verschiddene Länner wéi Frankräich oder Italien gëtt et souguer Députéiert déi exklusiv vun den Emigranten (Auswanderer) gewielt ginn (zum Beispill an Italien 12 Députéiert déi an der “circoscrizione Estero” gewielt ginn fir d”camera dei deputati” an déi d’Italiener déi am Ausland wunnen vertrieden) (an Frankräich: “11 députés représentant les Français établis hors de France” an der Assemblée nationale.)”

Ok elo falen d’Äppel an d’Bieren wierklech e bëssen duerchernee. D’Diskussioun Auslännerwahlrecht ass eng déi sech domat befaasst dass déi Leit déi op engem Territoire wunne wou Décisioune getraff ginn déi si beaflossen, si och dee selwechten Afloss op déi Décisioune sollen hunn wéi all déi aner Awunner, fir mech opmannst parti intégrante vun der “égalité devant la loi”.

De Fait dass aner europäesch Länner Députéierter hunn déi eleng vu Leit mat der Nationalitéit gewielt goufen déi net méi am Inland wunnen huet guer näischt mat der ganzer Souverainitéitsfro ze dinn oder der Idee hinnen entgéint ze kommen, mee et ass eng ganz einfach aner Funktioun vun hirem Wahlsystem. Ee Lëtzebuerger deen am Ausland wunnt wielt entweder a sengem leschten Domicile oder (wann hie Lëtzebuerger ginn ass an awer ni zu Lëtzebuerg gelieft huet) am Bezierk Zentrum.

Et ass net esou dass d’Wahlrecht ee Privileg ass, wat engem vum gütege Staat garantéiert gëtt, mee et ass ee Recht! Iwwer d’Conceptioun vum Privileg héiert aus dësem Punkt 3 eraus: “Hien DIERF dach schonn an engem Land wielen, wéi ongerecht dass en dat och an engem anere soll!” Et ass eng Aart a Weis fir eis auslännesch Matbierger als bevirdeelegt duerzestellen, obwuel et just dorëms geet dass si sollen gläichberechtegt sinn.

“4. Gëtt et hei en Demokratiedefizit? NEE, jidderee kann wielen, an zwar an deem Land wou en och säin PASS kritt. Dat wat zielt ass nach ëmmer WAT een ass, an net WOU een wunnt. Dofir weist en Fransous deen zu Lëtzebuerg wunnt jo och säi franséische Pass wann en de Fliger hëlt.”

Dach, et gëtt een Demokratiedefizit. Iwwer 40% vun der Bevëlkerung déi Net-Lëtzebuerger sinn hu keen Afloss op Gesetzer déi si betreffen, obwuel se gläichzäiteg gezwonge si charges fiscales etc. ze droen. Donieft ass et jo keen Argument ze soe wat am Moment zielt, mee op wéiengem Prinzip mir een Ideal etabléieren. An där Hinsicht huet de Pass an de Fliger net vill an der Diskussioun ze sichen.

 “5. Ass Lëtzebuerg dann am Moment net demokratesch genuch? Dach, am „Demokratieindex“ vun der Zeitung „The Economist“ ass Lëtzebuerg op der 11. Plaz vun 167 Natiounen. Lëtzebuerg ass eng exemplaresch Demokratie!”

Bon dass dee Ranking do aus dem Rapport vun 2012 ass, ass jo nach relativ irrelevant – à part dovu behandelt dem d’EIU Analys a kenger Aart a Weis déi Fro déi sech an der Diskussioun am d’Auslännerwahlrecht stellt. An der Methodologie geet et em:

  1. “Whether national elections are free and fair”;
  2. “The security of voters”;
  3. “The influence of foreign powers on government”;
  4. “The capability of the civil servants to implement policies”.

D’Fro déi sech den Economist stellt ass net ausgeriicht op d’Participatioun u sech, d’Ernimme vun deem Index ass deemno komplett aus dem Kontext gegraff.

 “6. Gëtt et d’Auslännerwahlrecht nach an engem anere Land? NEE dat gëtt et a kengem Land an Europa.

An deem Tempo wieren eis weiblech Matbierger nach net wäit komm mat hirem Wahlrecht.

“7. Ginn déi aner Länner wéi Frankräich oder Italien och elo den Auslänner d’Wahlrecht? NEE do traut sech mol keen drun ze denken. An eis Regierung huet nach net ugefrot fir dass déi Länner de Lëtzebuerger, déi bei hinnen wunnen, en Auslännerwahlrecht sollen ginn.”

Opmannst fir Frankräich ass dat net wouer, de Präsident Hollande huet op deem Sujet seng Avance gemaach (Vote des étrangers : Hollande y est «favorable» et se tourne vers l’oppositionLe Parisien décembre 2014). Wa Lëtzebuerg bei all Rechtssujet op d’Géigesäitegkeet géif beharren da wier och kee Weiderkomme méiglech, a wat fir een Argument wëllen eis d’Géigner vum Auslännerwahlrecht iwwerhaapt bidden? D’Absence vun der Initiativ vun der Regierung eng europäesch Léisung ze fannen ass also ee Géigenargument?

“8. Déi Länner hunn jo och manner Auslänner wéi Lëtzebuerg? Jo, MÄ et ass eng PRINZIPIELL Fro, onofhängeg vun der Unzuel un Auslänner.”

Hei hunn d’Auteure Recht, et ass eng prinzipiell Fro. De Prinzip dass een iwwer seng Représentant’en net matentscheede ka gëtt just wäitaus méi visibel wann et sech em eng considerabel Minoritéit handelt déi um economesche Wuesstem vu Lëtzebuerg een onverhältnissméisseg grousse Merite huet.

“9. Wëllen d’Auslänner iwwerhaapt d’Wahlrecht? NEE, bei enger Chamber-Petitioun, wou och Auslänner konnten deel huelen an wou vill Reklamm gemaach ginn ass (vun ASTI, l’essentiel, paperjam…) hunn mol keng 2000 Leit ënnerschriwwen.”

Dat selwecht gëllt iwwregens fir all Pétitioun géint d’Auslännerwalrecht. Et genéiert beim Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht natierlech och e bëssen dass dee Grupp em deen et geet bei der Fro ëm d’Erweidere vun der Demokratie selwer net matwielen dierf. Onofhängeg dovu funktionéiert de Service vun den Online-Pétitioune säit dem leschte Joer, an huet sech kaum etabléiert sief et da wäitleefeg erëmgeschwat.

10. Firwat ass et net gutt wann Auslänner wielen kënnen? Si identifizéieren sech net 100% mat eiser Natioun an denken eventuell just drun wat kuerzfristeg hei soll geschéien an net un dat wat an 50 Joer zu Lëtzebuerg wäert sinn.

Gutt also dann deklaréieren ech da wuel mäi Wahlrecht och fir entzunn, wann ech zu all Moment vu mengem Liewe mech zu 100% mat “menger Natioun” muss identifizéieren. Éierlech, wee sidd dir fir dat definéieren ze kënnen a mir oder mengem Noper ze soen dass ech op Grond vun ärer arbiträrer Definitioun net dierf matwielen? Ganz pedantesche gesi gëllt no der Defintioun vum Punkt 10 och kee Wahlrecht fir Leit ab 34 Joer (Liewenserwaardung an der Moyenne bei 83,3 Joer), Leit ouni Laangzäitgediechtnis an iwwerhaapt all Wieler dee weder haut nach muer den Interêt vu sengem spezielle Grupp deem en zougehéiert engem aneren ënneruerdne géif.

11. Wéi eng Auslänner dierfen dann wielen, nëmmen EU-Auslänner oder och Chineesen, Russen an Nordkoreaner? Sou wéi et virgesinn ass, alleguer d’Auslänner, also och Chineesen, Russen an Nordkoreaner.

… also Leit mat méi Demokratieverständnis wéi d’Auteure vun dëser Lëscht?

“12. Géif dann och erëm eng friem Sprooch an der Chamber geschwat ginn? Wahrscheinlech géif fréier oder spéider erëm franséisch an der Chamber geschwat ginn. Kuerzfristeg géifen d’Chamberdebatten wuel an d’Franséischt iwwersat ginn, wat absolut inakzeptabel wier.”

Éischtens emol: Am Referendum vum 7. Juni geet et am d’AKTIVT Wahlrecht. Eis auslännesch Matbierger kënne wiele goen, mee si kënnen net gewielt ginn. Dovun ofgesinn ass et och net onméiglech dass een Députéierte kee Lëtzebuergesch schwätzt obwuel en d’lëtzebuerger Nationalitéit huet.

D’Suppositioun dass d’Chamberdebatte e beemol an enger anerer Sprooch wieren ass ënner dem Liicht dovun dass Lëtzebuergesch als Sprooch steteg méi geschwat gëtt – an dass déi Evolutioun vun eiser Sprooch insoufern méi wichteg ginn ass dass nach virun net esou laanger Zäit an der Chamber effektiv nach franséisch geschwat gouf a genee dat changéiert huet – zimlech aus der Loft gegraff. A wann d’Weltënnergangsszenario géif antrieden dass eng Persoun déi kee Lëtzebuergesch schwätzt an d’Chamber kënnt iergendwann antrëtt, ass et dann sou onvertriedbar een Dolmetscher ze engagéieren sou wéi eis Noperen an der Belsch dat och scho laang maachen?

13. Missten déi Auslänner, déi wielen ginn dann och Civique-Coursen matmaachen fir eise System ze verstoen? NEE, dat ass net geplangt.”

Am lëtzebuergesche Schoulsystem ass deen obligatoresch. Visiblement hëlt net jiddereen e ganz eescht… Ech muss jo wuel och net iwwer eis eeler Matbierger schwätzen déi am Krich dës Educatioun net kruten, oder eis Matbierger déi mat 16 mat der Schoul opgehalen hunn, oder? Menge net. Alles ergëtt sech.

“14. Kënnt dann och dat passiivt Wahlrecht fir Auslänner? Dat wier eng logesch Suite an dann missten och héich Plaatzen beim Staat opgoen fir Auslänner woubäi et dach ganz bedenklech wier wann en Auslänner géif Chef vum Geheimdéngscht ginn oder Offizéier an der Arméi.”

Dat ass fir mech eng logesch Suite, mee do si mer dann awer schonn erëm net méi um Sujet vum Referendum géint deen eis Auteure jo wëlle Stëmmung maachen. Den Drama vum Auslänner als Offizéier an der Arméi oder Geheimdéngschtchef schéngt selbstverständlech ee ganz fuerchtbaren. Wéi gutt dass mir bis elo Lëtzebuerger haten déi den Job gemaach hunn, wouduerch do ni eng schif gaang ass, gell dir.

15. Wou wielen dann déi Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen? Dann kéinten déi vläicht guer net méi wielen, well et muss een jo wëssen wat een wëll: ENTWEDER wielen déi Leit déi hei wunnen ODER déi Leit déi d’Nationalitéit hunn.”

Euhm, nee. D’Referendumsfro ass wiertlech: „Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’auslännesch Matbierger d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwahle matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt sinn op d’mannst während zéng Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawahlen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?“ Et geet am eng Erweiderung vum Wahlrecht. Elo kann et natierlech sinn dass eis Auteuren sech vum rhetoreschen Trick vum “Awunnerwahlrecht” e bëssen duerchernee maache gelooss hunn, mee et muss ee capabel sinn den Ënnerscheed ze maachen zwëschen deem wat an enger Campagne gesot gëtt an deem wat finalement dann déi eigentlech Fro ass.

16. Wat bedeit d’Auslännerwahlrecht fir eis Natioun? Mam Auslännerwahlrecht schafen mer laangfristeg Lëtzebuerg als Natioun an onofhängegt Vollek of, eng komplett falsch Décisioun an engem Europa wat nach laang duerch d’Nationalstaaten geprägt wärt sinn.”

Ech hu mer scho geduecht déi Lëscht hei wier e bësse laang, iergendwou muss jo d’onrealistescht Horroszenario dra sinn. Et ben voilà. Sot mir, wéini war den Ënnergang vun eise Gemenge säit d’Auslänner do mat stëmmen dierfen?

17. Ass een Auslänner dann net de Gesetzer ënnerstallt vun senger Natioun? Dach, a verschiddene Beräicher vum Zivilrecht ass en Auslänner den Gesetzer vun deem Land wou een och d’Nationalitéit huet ënnerstallt an net deem Land an deem een wunnt. Sou mussen zum Beispill Éisterräicher an Schwäizer an d’Arméi goen an hirem Land. An den Amerikaner deen zu Lëtzebuerg wunnt muss sech awer un amerikanesch Gesetzer halen an och dohannen Steierenbezuelen.

Hei hunn ech elo de Fuedem verluer. Ech probéieren erëm ze gi wat een dovun elo verstoe soll: En Auslänner soll net kënne wiele goen an deem Land wou e wunnt obwuel déi Gesetzer déi et do ginn hie betreffe well hie jo an deem Land zu deem hie gehéiert dierf wiele goe well déi Gesetzer hie betreffen. Eng bestiechend Logik.

 18. Mais dann kéinten d’Auslänner jo Saachen decidéieren un déi se sech net missten halen? Theoretesch kéinten se eng Partei wielen déi géif decidéieren fir un engem Krich (z.b. am Irak) deelzehuelen wou jo dann awer just lëtzebuergesch Zaldoten géifen dohin geschéckt ginn.

Ah ok, de Punkt 17 war just eng Virbereedung op den absolut onrealistesche Katastrofenzenario vum Punkt 18. D’lëtzebuerger Arméi ass vertéischt emol fräiwëlleg. Donieft muss ee fir Zaldot (volontaire) ze ginn EU-Bierger sinn. Mee wann dir sou géint Auslandsasätz sidd: Cool ech och, kënne mer dat och an d’Verfassung schreiwen?

19. Auslänner schaffen jo awer hei an bezuelen Steieren, wier et dann net logesch dass sioch d’Wahlrecht kréien? Nee, well an där Logik dierft jo en Aarbechtslosen deen keng Steierenbezillt och net wielen goen. An déi Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen a schaffen dierften néirens méi wielen.”

Grondsteier. TVA. Accisen. Timbere fir offiziellen Dokumenter. Just e pur Beispiller vu Steieren ausserhalb vun der Akommessteier. Hey, verstinn iech, ech bezuelen se och net gär.

“20. Wann een d’Fro liest dann mierkt een jo awer dass een Auslänner muss ganz vill Konditiounen erfëllen fir kënnen ze wielen? Wann déi Klausel vun der Nationalitéit bis eraus aus der Verfassung ass, dann kann ëmmer erëm an der Chamber drun geännert ginn. Dann geet iergendwann d’Residenzklausel erof op 5 oder 2 Joer an d’Konditiounen ginn opgeléist.”

… an iergendwann dierfen dann och Hënn, Kazen an de Grand-Duc och wielen.

21. Kënnt dann och d’Wahlpflicht fir d’Auslänner? Nee fir si ass en Wahlrecht virgesinn wat natierlech géif bedeiten dass mer dann 2 verschidden Zorten vun Wieler hätten: Déi déi wëllen an déi, déi mussen.

Bon also zur Wahlflicht gëtt et vill ze soen, notamment dass se net existéiert. Och wann eist Gesetz eng Sanktioun virgesäit ass allgemeng bekannt dass dës net ausgefouert gëtt, Net-Wielen ass deemno entkriminaliséiert.

“22. Wéini ass déi Iddi vum Auslännerwahlrecht fir d’éischt ëffentlech opkomm? Am Januar 2013 ass et d’Handelskammer (!!!) an den Minister Etienne Schneider déi d’Thema vum Auslännerwahlrecht lancéieren.”

D’Handelskammer (!!!).

“23. Weem seng Iddi ass d’Auslännerwahlrecht? D’Iddi besteet schonn méi laang bei der Asti mä et ass elo besonnesch d’Patronat an déi „Neoliberal“ („les décideurs“, wéi se sech nennen) déi wëllen d’Auslännerwahlrecht aféieren. D’Iddi kënnt net aus dem Vollek!”

Ok, d’Vollek ass also jiddereen ausser d’Asti, d’Patronat an déi komesch Neoliberal vun deenen een ëmmer héiert an déi ech nach ni gesinn hunn. Mol kucke wat “d’Vollek”, dat an deem leschten TNS-Ilres Sondage majoritairement fir d’Auslännerwahlrecht war, dozou seet.

“24. Firwat wëllen déi dann d’Auslännerwahlrecht? Si erwaarden sech doduerch en méi schwaachen Nationalstaat. Dat géif bedeiten dass d’Wirtschaft dann ëmmer méi hir Décisiounen kéint duerchsetzen an net méi déi demokratesch gewielte Parlamenter.”

Uff lo si mer doduerch, mam ofschléissende Verschwörungsszenario. Schued ech duecht am Schluss kéim nach iergendwou een Artikel firwat d’Moundlandung gefälscht ass.

5544777964_3c3df870e4_o

# Conclusioun

Ech si frou wa Lëtzebuerg een inklusiivt Land ass, ee Land wat Fortschrëtt prônéiert an net diskriminéiert. Déi Leit déi aus dem Ausland bei eis kommen hu keen Interêt eis ze schueden, si kommen oft fir Beruffschancen an ee rouegt Liewen an enger stabiler Demokratie. Wat si net wëllen, wat ech net wëll, a wat hoffentlech mir Lëtzebuerger (respektiv déi déi d’Cactus-Kaart hunn) net wëllen si Leit déi Stigma bedreiwen, déi Angscht verbreede fir hier Definitioun ze duerchzeboxen vu wéi “hiert” Land soll ausgesinn.

Ech weess wat ech de 7. Juni maachen. Firtéischt ee Kaffi… An dann eppes fir meng Matbierger, well et mir net egal ass. An dir?


Informatiounen zum Referendum vum 7.Juli ginn et op http://www.referendum.lu

Merci fir d’Liesen an d’Sharë vu mengen Artikelen!

Fotoe si Creative Commons, drop klicke féiert zu den Auteuren.

Advertisements

4 thoughts on “24 Froen zum Auslännerwahlrecht – Ee Commentaire

  1. paul.bauste@gmail.com says:

    Ich stimme ihrer Argumentation in weiten Teilen zu, bei Punkt 21 machen Sie es sich jedoch etwas einfach. Die Wahlpflicht ist meiner Ansicht nach ein wichtiges Instrument welches unsere Demokratie vor dem schleichenden Verfall durch Gleichgültigkeit schützt. Die Entkriminalisierung spielt hier keine Rolle, wenn wir die Wahlbeteiligung in Luxemburg mit der Wahlbeteiligung jenseits der Mosel vergleichen. Daher bin ich gegen jede Aufweichung der Wahlpflicht und für eine Einwohnerwahlpflicht aber gegen eine Rosinenpickerei bei bürgerlichen Rechten und Pflichten. Dies offenbart auch das grundsätzliche Defizit des Referendums, es hatte zu keinem Zeitpunkt einen partizipatorischen Character, weshalb es auch letztendlich scheitern.

    • Hallo!

      Ob ich es mir einfach mache ist Ansichtssache. Ich habe lediglich darauf hingewiesen dass es die Wahlpflicht, die aus sich mir unergeblichen Gründen ein fundamentales Argument der Gegner des Ausländerwahlrechts ist, nicht gibt. Eine Pflicht würde vorraus setzen dass es jemanden gibt der ihre Einhalten gewährt, und das ist nicht der Fall.
      Ich finde nicht dass der Staat sich das Recht nehmen sollte die Bürger zu zwingen wählen zu gehen, und das besonders nicht solange er nicht die individuellen Rechte derselben respektiert. Glauben sie ernsthaft dass die Wahlpflicht der Politik Vertrauen zurück gibt?

  2. Paul says:

    Das “Glauben” überlasse ich grundsätzlich denen, die es nötig haben. Meine Position ist, dass man sich um eine einheitliche Reglung bemühen sollte mit einer Präferenz zur Wahlpflicht. Der empirische Unterschied in der Wahlbeteiligung zwischen Staaten mit Wahlrecht und Wahlpflicht (trotz Entkriminalisierung) ist hier mein Beweggrund, nicht etwa das Vertrauen in die Politik. Ich gedenkt mich jedoch im Referendum für ein Einwohnerwahlrecht einzusetzen, da ich es für unabdingbar halte um auch in Zukunft die gesellschaftliche Kohäsion zu gewährleisten.

    Fahrlässig ist meiner Ansicht nach die mangelhafte Ausarbeitung der einzelnen Fragen (Vergleich: Schweiz), sowie die fast nichtexistente öffentliche Debatte (über Facebook? come on…), da dies zu einem Scheitern führen könnte und den Betroffenen ein Wahlrecht auf Jahrzehnte verwehren würde.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s