Antiquitéiten

“Bis du bestuet bass gesäis de dat anescht.”

Sou zimlech e Saz deen een seng Kandheet laang verfollegt. Donieft huet sech am Sujet Bestietnis anzweschend villes gedoen. Ab dem éischte Januar 2015 kënnen sech gläichgeschlechtlech Koppele matenee bestueden, an dat ass eng wonnerbar Saach! Et war eng absolut néideg Ännerung, awer just ënner der Prämiss dass de Staat sech an de Mariage amëscht. Ass dat iwwerhaapt gerecht?

D’Bestietnis huet à l’Origine ee reng reliéise Charakter, ee Ritual wat allerdéngs net nëmmen am Chrëschtentum verbreed ass a war. D’Entwécklung vum moderne Staat huet mat sech bruecht dass de Mariage zu engem kontraktuellen Accord ginn ass, dee mat verschiddenen Atout’en bestéckt gouf. Nieft steierleche Virdeeler geet et och em een aneren Traitement bei der Krankeversécherung, der Pensioun an och Renseignementer am Krankheetsfall. D’Fro stellt sech weiderhin op et legitim ass dass de Staat innerhalb vu sengen Institutioune Virdeeler un bestuet Leit vergëtt, déi net-bestuete Koppelen net genéissen. A wann een dobäi ass de Splitting a Fro ze stellen, dierf een sech genau sou erlaben de Sënn an Zweck vun engem progressive Steiersystem ze bezweifelen, deen opwänneg an administrativ käschtespilleg ass, an donieft Leit bestrooft déi méi schaffe fir hier Liewenskonditiounen ze verbesseren. Bei Kranken- a Liewensversécherung muss een sech gläichzäiteg d’Fro stelle wéi effektiv eng staatlech Kontroll nach ass an op d’Bierger an alternative Systemer bei deem si selwer de Choix kréien wéi si sech versecheren, net vill besser ewech kommen.

Signature

Mee fir op de Mariage zeréckzekommen: Et ass och prägnant wéi de Staat sech a kierchlech Ritualer amëscht, sou ass nämlech virgeschriwwen dass eng Trauung an der Kierch net dierf virun der standesamtlecher Trauung stattfanne.

“Demnach ist eine rein kirchliche Trauung, d.h. ohne vorhergehende standesamtliche Eheschließung, verboten.” (guichet.lu)

Sollt een net och zu Lëtzebuerg fräi sinn seng Relioun esou auszeübe wéi ee wëll? Weder reliéis Institutiounen nach de Bierger profitéiere vun esou engem System. D’Relioune wieren éischter nach méi fräi an hätte méi Zoulaf vun deene Gleewegen, déi sech legal net verflichte wëllen, sech dofir awer spirituell wëlle méi enk verbonne fillen. Grondsätzlech géif de Bierger net wéinst senger Liewenslag diskriminéiert ginn oder sech gezwonge fillen seng Partnerschaft musse vum Staat unerkannt ze kréie fir antiquaire Virdeeler ze genéissen. Dobäi kéint een an engems vereelst Reegelunge wéi den ënnerschiddleche Mindestalter fir Fraen (16) a Männer (18) souwéi d’obligatoresch Visite beim Dokter (déi am aktuelle Gesellschaftsbild wéi eng mëttelalterlech Veruerdnung klengt) ofschafen.

Et gëtt Zäit dass de Staat sech aus dem Liewe vu senge Bierger eraushält, eppes wat sech net exklusiv op de Mariage bezitt. Wien duerno een zwëschemënschleche Kontrakt ofschléisse wëll, kann dat maachen, sollt awer dowéinst net bevirdeelegt ginn.

Mee bis dat geschitt, gi wuel nach vill Leit bestuet. Courage.


Dësen Artikel ass den 29/08/2014 am Lëtzebuerger Journal publizéiert ginn, ënner dem Titel Gläich Rechter. Ech gouf drop opmierksam gemaach dass dat e bessen ierféirend ass an hun en dowéinst geännert.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s