Streikrieden – Ee Commentaire

Wéi ech d’Rieden um Streik vum 25. Abrëll géint de Projet de Loi (PdL) 6670 gelauschtert hunn (déi een op Eldoradio nolauschtere kann), si mir eng ganz Rei Saachen opgefall, déi soit esou net stëmmen, soit fort diskutabel sinn. Ech hunn dofir aus de Rieden déi betreffend Sätz sou gutt wéi méiglech erëmginn an kommentéiert. Vu que dass et mir net drëms geet iergendeen elo perséinlech ze attaquéieren, hunn ech jeeweils kee Numm dobäi gesat.

“Dir musst iech virstellen dass d’Basisbourse bis elo bei 6.500€ loung, den Här Meisch huet wëlles vun 6.500€ op 2.000€ erofzegoen!”

Falsch: De Montant vun der Bourse louch bis ewell bei 6.500€, war allerdéngs net agedeelt a verschidde Kategorie mat diverse Critèren. Déi 2.000€ stellen déi nei Basisbourse duer, a stinn all Student zur Verfügung. Zousätzlech zu der Basisbourse ginn et nach eng kéier 2.000€ wann een an d’Ausland studéiere geet, an als Sozialbourse, déi gekoppelt un de Revenue vun den Elteren ass, kënnen et bis zu 2.500€ nach eng kéier drop ginn. Onofhängeg dovu gëtt et des Weideren d’Méiglechkeet sech vum Staat d’Aschreiwungsfraise bezuelen ze loossen, dat ganzt bis ee Montant vun 3.700€ (dovun 50% als Prêt).

“Sidd dir der Meenung dass een mat 166€/Mount iwwerliewen kann?”

De Montant vun 166€/Mount goufen aus dem Montant vun der Mobilitéitsbourse vun 2.000€ op de Mount erof gerechent. De Montant ass insoufern falsch dass de Student deen am Ausland studéiert bei engem minimale Montant vu 4.000€, deemno 333€/Mount. Et muss een des Weidere soen dass wann de Student déi finanziell Moyen’en net huet mat de Suen auszekommen, hien duerch d’Gesetz eng Garantie dofir huet dass seng Elteren hie finanziell ënner d’Äerm gräife mussen. Am Fall wou seng Eltere sozial méi schwaach gestallt sinn, kann de Student vun der Sozialbourse vu bis zu 2.500€ profitéieren, an a sozialen Härtefäll vun enger zousätzlecher Bourse vun 1.000€ (dovun 50% als Prêt). Donieft besteet no den aktuellen Iwwerleeungen och nach eng Méiglechkeet fir ee Prêt ze maachen an enger Héicht vu 6.500€. Dëse Prêt muss een ufänken zeréck ze bezuelen nodeems een zwee Joer een Emploi huet an et huet een 10 Joer Zäit fir en zeréck ze bezuelen. Zënse si à taux variable bei maximal 2%. Weiderhi muss een och umierken dass des Subsiden net als Ziel huet dem Student seng Liewenskäschten integral ze decken (dohier d’Wuert “Subside”).

Donieft muss een nach folgend Donnée’en berücksichtegen: No Prévisioune vum Ministère (déi een am PdL fënnt) sin am nächste Semester 80% vun de Studenten um Critère de mobilité. Bei der Opdeelung vun der Sozialbourse hun mir folgend Situatioun:

Image

Mir sin also bei enger Minoritéit vun Studenten déi wierklech just dee genannten Montant als Subside wäerten kréien.

“Et ass jo och einfach eng Kierzung ze stëmmen déi een selwer net méi brauch, schliisslech sinn eis Deputéierten jo selwer net méi op der Uni.”

Den inhaltleche Schwaachpunkt vun där Ausso schéngt net jidderengem direkt evident. Mat där selwechter Logik kënnen all Zorte vu politeschen Décisiounen déi vun der Chamber geholl gi ridiculiséiert ginn. Reng budgetstechnesch gesinn ass de Projet 6670 och guer keng Kierzung vum Montant global. De Streikcomité behaapt dass et sech em eng 40%-Kierzung handelt, mee dee Montant bezitt sech op d’Previsioun vun 2014, deemno 177,5 Milliounen Euro. Bei enger Reduktioun op 109,58 Milliounen Euro gesäit dat no enger Kierzung aus, par contre erhéicht sech de Montant deen de Staat par Rapport zu 2013 virgesinn huet vun 88 Milliounen op 109,58 Milliounen, deemno eng Erhéijung vu 24,5%.

“Verschidden Schüler kräischen an schloen mat der Fauscht op den Dësch, wëll se wëssen dass wann dat esou ëmgesat gëtt mat der Basisbourse, si et sech net leeschten kënnen studéieren ze goen, an e puer Schüler mussen de Studium ofbriechen.”

Nach eng kéier gëtt hei d’Problematik vum “Net kënne studéieren” a Relatioun zur Basisbourse gesat. Dës Bourse huet effektiv kee soziale Critère an ass och net als solches geduecht. Déi Schüler déi vun doheem aus manner finanziell Mëttel zur Verfügung gestallt kënne kréien, kréie weider Ënnerstëtzungen a Form vun der Sozialbourse, déi scho weider uewe genannt goufen. Dass e Student mat all den Ënnerstëtzungen déi et och an Zukunft wäert ginn trotzdem muss de Studium ofbriechen, dofir bleift fir mech den Noweis nach ze liwweren.

“Also eng Regierung déi als alleréischt bei der Bildung spuert, déi huet elo direkt schonn dat ganzt Vertrauen verluer.”

Falsch: D’Ännerunge bei de Subside gehéieren zu deene Mesuren déi als Spuermoossnamen am Budget 2014 presentéiert goufen: Reng chronologesch hier waren et net déi éischt, mee dës Fro ass wéineger relevant. D’Ausso implizéiert virun allem dass bis elo just an dësem Beräich Zuele geännert hunn. D’Reduktioun vis-à-vis zur Previsioun 2014 mécht bei de Subside 35 Milliounen Euro aus (fir d’Semester), d’gesamt Aspuerunge maachen allerdéngs 231,2 Milliounen Euro dëst Joer aus. Dës kommen dës Weideren aus:

  • Reduktioun vun 8,5% (50 Milliounen Euro) vun de Funktiounskäschte vum Staat (y inclus zB Käschten fir Expertisen, Administratioun a Reesen)
  • 9 Milliounen Euro wéineger Ausgaben duerch d’Halwéierung vun der Unzuel un nei agestalltem Personal
  • Ee Minus vun 137,2 Millioune fir Investissementsprojet’en

Dozou muss een och soen dass weider Spuermoossnamen annoncéiert wäerte ginn, dës konnten awer nach net fir de Budget 2014 fäerdeg presentéiert ginn. D’Ziel vun der Regierung Bettel-Schneider ass dass et gläichméisseg Spuereffort’en bei all de Ministère gëtt. Den Héichschoulministère hat seng Iwwerleeunge fir eng Reform vun de Studentesubside schon ënnert der vireschter Ministesch Martine Hansen ugefaang.

“…déi Käschtenexplosioun [vun de Subsiden duerch d’Uerteel vum EuGh] war viraus ze gesinn. Vir esou blöd ze sinn fir dat net am viraus ze checken, sorry mee do leeft iergendeppes schif am Kapp

Falsch: D’Uerteel vum EuGh war net viraus ze gesinn, vu que dass bei villen Uerteele wat europäescht Recht divergéierend Meenunge bei de Riichter entstinn.

Sou titelt den Essentiel am Februar 2013: “Laut dem Generalanwalt am EU-Gerichtshof hat Luxemburg das Recht, Grenzgänger-Kindern die Studienbeihilfe zu verweigern. Er stellt aber Bedingungen.

Image

D’Regierung Juncker-Asselborn II mam Héichschoulminister Biltgen gouf beschwichtegt dass sech Léisungen fanne wäerte, déi an der nationaler Legislatioun kënnen dozou féieren dass d’Gesetz an der Rei wier. Sief dat falsch Aschätzung oder net, den Ausgang vun der Affär war a kenger Hinsicht kloer.

Des Weideren implizéiert d’Ausso aus der Ried dass de Minister Biltgen an seng Beamte gewosst hätten dass d’Gesetz contraire zu europäeschem Recht wier an et trotzdem op den Instanzewee bruecht hätten, fir da wëssentlech an der selwechter Legislatur net nëmme vum EuGh ofgestroft ze ginn. Och dat halen ech fir eng wäitreechend a gewoten Ausso.

“De Student deen aus dem Éislek op Esch fuere muss, kritt d’Mobilitéitsbourse net, obwuel en och muss eng Wunneng bezuelen.”

Naja: Et stëmmt dass de Student aus dem Éislek keng Mobilitéitsbourse kritt, et ass awer diskutabel ob en eng Wunneng brauch. Wien d’Streck vun Troivierges op Esch mécht, fiert wat de Stau betrëfft am Géigeverkéier, a kann en e bësse méi wéi enger Stonn mam Auto ukommen. Mam ëffentlech Transport sinn et 1 Stonn 28 Minutten. Hei si mir definitiv bei enger Fro vum Liewensstil, besonnesch wann een considéréiert dass et fir Lëtzebuerg quasi eng handelsüblech Reeszäit ass: Vun “mussen” kann ee also definitiv net schwätzen.

“Wann mir an Europa kucke gesi mir dass d’Studenten an Dänemark nach vill méi kréien. Do sinn d’Studenten och op d’Strooss gaangen, si hunn dofir 750€/Mount do nach als Bourse.”

Och hei eng pauschaliséierend Ausso déi mat der Wierklechkeet wéineg ze din huet. De Montant vu 5839DKK (786€) ergëtt sech wann een als Student eleng lieft (mecht also keen Ënnerscheed op an Dänemark oder am Ausland). De Riedner huet hei allerdengs den Héchstbetrag deen ofhängeg vum Akommes vun den Elteren (ab manner wéi 600.000DK/Joer à 6.698€/Mount) mat agerechent, deemno 2.094DKK (208€). Genausou wéi net all Student zu Lëtzebuerg ee Stot huet dee manner wéi 8.644€ verdengt, ass och den Dän net pauschal mat dëser sozialer Hëllef begléckt. Genausou wéi am Projet 6670 virgesin ass och d’Sozialbourse gestaffelt, d.h. dass net all Student um Héchstbetrag läit, wat an dësem Beispill genau d’selwescht fonktionnéiert. Y s’ajoute dass de Student deen an Dänemark doheem wunne bleift 2.516DKK (337€) kritt. Dat ass zwar méi wéi dat wat de Lëtzbuerger Student doheem kritt, mee dass dësen och manner Ausgaben huet an och net dee Montant brauch, ech mengen op däer Ligne läit och de Streikcomité.

Dass een an Dänemark och intern net onbedengt vun doheem aus op d’Uni fuere kann, ofhängeg dovu wou ee wunnt schengt evident: Een Luxus deen mir zu Lëtzebuerg hun. Duerch des Situatioun ergëtt sech natierlech dass mir differenzéieren zwëschen deene Leit déi fir de Studium innerhalb vun de Landesgrenze bleiwen, an deenen aneren. Insoufern ass et schwéier vergläichbar.

Ignoréiert gouf och de Prêt deen sech an Dänemark op engem manner héige Montant an op méi héigen Zënsen ausfällt.

“Eise Staat ass méi räich wéi den dänesche Staat, an dann ze soen et misst ee bei der Bildung spueren ass einfach nëmmen absurd.”

Naja: Dat hänkt dovun of un wéienge Critèren een den Räichtum vun engem Land ausmaache wëll, wat een abstrakte Begrëff ass. Vu que dass mir vun Staatsausgabe schwätze musse mir och de Staatshaushalt kucken: En fonction vum PIB mecht Lëtzebuerg 1,1% Staatsdefizit, den dänesche läit bei 0,8%. Mee och dës Analys geet net duer, well een net nëmme berücksichtege muss wéivill de Staat erankritt oder ausgëtt, mee wéivill Spillraum en fir d’Zukunft huet. Oder kuerz: Wéivill vun menger Dépense courante geet schon an d’Zréckbezuele vu menger Zënsschold. Kuckt een den Nohaltegkeetsindex an der EU27 vun den Freiburger Finanzmarkt-Forscher, weist sech dass beim Verglach vun impliziten an explizite Scholden Dänemark bei 305% vum PIB land, Lëtzebuerg donieft bei 1184% vum PIB. Schlëmmer nach: Ofhängeg vun der Variatioun vum Zënstaux verschlëmmert sech dëse Problem. Mir mussen also kucke wéi eng Moyen’en sech de Lëtzebuerger Staat an Zukunft kann gin, an an deem Sënn gesin mir am Verglach zu Dänemark net wierklech besser aus.

Image

Egal wéi een et analyséieren wëll muss een kloer soen wat den Terme “Räichtum” beschreift.

“Mir mussen eppes veränneren an et gëtt elo Zäit dass de Meisch eis och héiert. Mir soen net dass mir géint en Dialog sinn, wéi den Meisch et déi ganzen Zäit seet.”

Falsch: Et fënnt sech keng Situatioun an där den Minister Claude Meisch ëffentlech gesot huet dass d’Organisatiounen vum Streikcomité géint een Dialog sinn. Higewisen gouf an der RTL-Radio Sendung “Dir hutt d’Wuert” dorop, dass vun all den Memberorganisatiounen vum Streikcomité just zwou, notamment d’UNEL an d’LUS iwwerhaapt Entrevue’en am Ministère haten. Deemno goufen Studentenvetriedungen schonn gehéiert, dorënner och d’ACEL.

“Mir sinn der Meenung dass Studenten eegestänneg Mënschen sinn, déi selwer decidéieren sollen kënnen wat an wéi si studéieren ginn.”

Dorun huet keen eppes ausgesat, an ass net nëmmen an der Kommunikatioun vum Ministère esou ze erkennen, mee och vum PdL net a Fro gestallt. Hiren Choix ass net kontestéiert, et ergëtt sech allerdéngs dass verschidden Choix’en, wéi och am Moment schonn, mat finanziellen Ëmstellungen verbonnen sinn. Dësen Facteur huet och nees mat Substituter ze dinn, d.h. sinn ech bereet een equivalenten Studium op enger Plaz ze maachen duerch déi ech finanziell besser dostin?

“Mir sinn géint eng Reform déi als eenzegt Ziel huet beim Budget ze spueren, an dat ier iwwerhaapt aner Spuermesuren wéi zB eng Steierreform gekuckt ginn sinn.”

Falsch: Dësen Feeler gouf och esou ähnlech vun engem Virriedner virgedroen, hei gëtt awer nach dobäi gesat dass et essentiell eng Spuermesure wier, wat net stëmmt. Den PdL suergt och fir sozial Selektivitéit an Ennnerscheedungen vun den Choix’en déi den Student trëfft, eppes wat d’UNEL notamment säit laangen fuerdert: “Afin d’aboutir à un système d’aides financières qui concilierait autonomie, mobilité et justice sociale, l’UNEL propose un modèle basé sur trois piliers. Kim Diderich explique: « Le premier pilier, qui représenterait 50% du montant global, serait accessible à tous-tes les étudiant-e-s et promouvrait ainsi l’autonomie des étudiant-e-s. Le deuxième pilier, représentant 25% du montant global, serait réservé aux étudiant-e-s n’habitant plus au foyer parental. Ainsi tenant compte du coût de logement, l’autonomie et la mobilité seraient encouragées. Le troisième pilier, représentant aussi 25%, serait accordé en fonction d’un critère social basé sur la situation sociale des étudiant-e-s et de son foyer parental. Ceci encouragerait et soutiendrait davantage des jeunes issus de milieux moins privilégiés d’accéder aux études supérieures.”

Eng Steierreform wier just an deem Sënn eng Spuermesure wann de Steiersystem vereinfacht gëtt, d.h. duerch simplification administrative. Sollt d’Riednerin awer Steiererhéijungen am Kapp gehat hunn, sou schwätzt et kloer net vun Spuermesuren.

“Den Här Meisch bedreift Feelinformatioun.”

Falsch: De Minister huet an de Kommunikatioun ëmmer d’Facteuren richteg genannt, eppes wat een vum Streikcomité net behaapten kann. Hei huet een Flyer nämlech indiquéiert dass Studenten just nach 2.000€ Bourse kréien; eng Desinformatioun wéi se och schonn virdrun bedriwwen gouf.

Image

“Mir wëllen als Studenten méi suergefräi an eis Zukunft kucken.”

Ech kann déi Fuederung och genausou ënnerstëtzen, an grad dofir ass d’Reform vun de Studentesubsiden wéi se elo virläit aus menger Siicht och eng durabel Léisung. Zwëschen de Joeren 2008 an 2013 huet sech d’Unzuel un traitéierten Dossier’en vun 8.000 op 16.000 verduebelt, wat fir den Ministère bis ewell eng Käschtenexplosioun mat sech bruecht huet. Gin mer dovun aus dass um Streik vum 25. Abrëll Schüler vun enger 5ième präsent waren, stellt sech d’Fro op et an hierem Intérêt ass dass d’Entwécklung vun de Montant’en déi un Subsiden ausbezuelt gin weider esou héich sin. Generatiounengerechtegkeet anhaalen gëllt net nemmen fir der Alterskategorie 50-99, mee och fir déi Jonk vun haut. An ech muss dann och soen dass ech perséinlech léiwer an eng Zukunft kucken wou meng Elteren mir en bëssen méi hëllefen mussen bei mengen Studien, wéi dass sech d’Steier- an Scholdenlaascht um eenzelnen Bierger drasteg erhéicht huet soubaal ech eng Aarbecht ugin.

“…genausou wéi mir net zouloossen dass mir an ee schlecht liicht geréckt goufen. D’lescht Woch huet de Minister Meisch ugin dass si sech getraff hun mat verschiddenen Jugenorganisatiounen déi de Streik net ënnerstëtzen. Wat awer net erwähnt gouf, ass dass mir méintelaang an enger Sich nom Dialog ignoréiert goufen. Dofir gin mir haut op d’Strooss.”

Déi eenzeg zwou Organisatiounen vum Streikbündnis déi iwwerhat Entrevue’en mam Ministère haten waren d’LUS an d’UNEL. Ingesamt waren et grad emol zwou Réuniounen déi ofgehalen goufen, ier dës Organisatiounen zum Streik opgeruff hun. Vun “méintelaangen” Sëtzungen kann een also wierklech net schwätzen.


Et gëtt keen deen keng Feeler seet oder mécht, mellt iech wann der sin.

Update: De PdL 6670 gouf nodréiglech op verschiddenen Plazen geännert, dowéinst feelen verschidden Informatiounen an dësem Artikel.

Advertisements

13 thoughts on “Streikrieden – Ee Commentaire

  1. Hallo,

    Zum Zitat 1: D’Basisbourse wäerten tatsächlech just nach 2.000€ sinn.
    Zum Zitat 2: Du sees et io selwer, et wäert eng Minoritéit vu Leit ginn, déi mat dësem Montant auskomme wäert mussen. Also ass déi Fro méi wéi berechtegt. Och wanns du sou schéi schreiws, datt d’Elteren dem Gesetz no fir hir Kanner opkomme mussen, ech gleewe kaum, datt Studenten mat 166€/Mount – wann hir Elteren hinnen nix ginn – virun d’Geriicht zéie kënnen fir hir Elteren op dat Geld ze verkloen!
    Zum Zitat 3: Hehe. Schéin erausgeschwat mat den Zuelen 😉
    Zum Zitat 4: Ech kennen 2 Persounen, déi mam neie System aus finanzielle Grënn ophale mussen a wäerten ze studéieren. Dat sinn der 2 ze vill. An elo kennen ech bei leiwe net all StudentIn.
    Zum Zitat 5: Déi Ausso implizéiert genau dat wats du net als wichteg ugesäis. Nämlech datt et mat di éischt Saach ass, wou dës Regierung spuere wëll. A wéi sde io sou schéi sees goufen di Saachen do alleguerten mam Budgetsprojet 2014 virgestallt.
    Zum Zitat 7: Den Student aus dem Eisleck, deen manner Subside kritt ewéi bis elo, muss an de nächste Joren, soubal d’Uni op Belval ass, méi laang fueren ewéi bis dato an d’Stad. Ech benotzen elo mol däi Lieblingsargument géint dech 😉 Dee Student kann sech dach elo keen Auto (a wann en schonn een huet, iergenswann ass de Bensin VILL ze deier) méi leeschten, en ass also op den ëffentlechen Transport ugewissen. Elo kann ech der soen, als een deen zu Ettelbréck (also mol nach net am Eisleck) wunnt, datt dat absolut net sou simpel ass mam Zuch bis an d’Stad, virun allem wanns de virdrun nach mam Bus op deng Gare kommen. Wéi oft ass den Zuch a Verspéidung? Wéi oft ass de Bus fir op d’gare a Verspéidung? Géi also mol staark dowunner aus, datt ee Student méi wéi 4 Stonnen den Dag ënnerwee ass. Wéini soll dee Student dann elo nach léieren? An de vollen Zich? A wéini soll dee Student dann elo nach schaffe goen, esou wéi den Minister Meisch sech dat virstellt? BTW: Dats de mengs, datt am Eisleck ni Stau wier, naja…
    Zum Zitat 8 & 9: Ech sinn mat der averstan, wa mer soen, datt mer net op aner Länner an hir Systemer kucke sollten. Dat do war awer mengene ch vil méi als Äntwert op all di Kritiken à la “Kuckt dach mol wat déi an Däitschland kréien, an dann reegt dir iech doriwwer op?!” ze verstoen ass.

    Zum Zitat mat de Feelinformatiounen: Lies de Saz duerno nach mat, dann gesinne ch do keng Feelinformatioun. Ob de Meisch selwer Feelinformatiounen eraus ginn huet oder eraus gëtt, kann ech net soen.

    Zur Saach mam Dialog insgesamt: Et geet net ëm d’Quantitéit vun esou Sëtzungen, mä ëm d’Qualiteit dowunner. Wann 2 Organisatiounen onofhängeg vunenaner zum Schluss kommen, datt et kee Sënn huet weider mam Minister ze diskutéieren, well hien net vun senger Plaz wackelt, dann muss een sech Aktiounen iwwerleeën, déi dat ännere kënnen. Eng Demonstratiounen, oder vill méi e Streik an dësem Fall, ass eng vun de méiglechen Aktiounen.

    Sou, ech sinn elo nees Walkämpfen. Bis dann a bescht Gréiss,
    Claude

    • Salut Claude, merci fir däi Feedback!

      1) Mir kënnen natierlech op der Terminologie eremreiden, mee ech mengen dass meng Erklärung zimmlech kloer ass. De Montant vun 6.500€ war fir jiddereen dee selweschten. Deen elo mat engem Deel vun der Bourse gläichzesetzen an engem System deen net vergläichbar ass gesin ech net an.

      2) D’Zitat huet sech op Studenten am Ausland bezunn. Ech sinn der Meenung dass 166€/Mount fir ee Student deen zu Lëtzebuerg bleift nach ee schéine Kado sin. Natierlech besteet wéis du sees de Problem dass Sträit an der Famill herrscht an dass de Student theoretesch seng Elteren verkloen misst. Dann gehéiert nieft der Unzuel un Kanner zu deenen zwee Schwieregkeeten déi am PdL gesinn, an woufir et gutt ass dass vun aneren Organisatiounen aus konstruktiven Dialog gefouert gëtt.

      3) Dat huet mat erausschwätzen näischt ze din. Ech sin net der Meenung dass ee Spueren an engem Budget an Verhältnis zu enger Prévisioun setzen kann.

      4) Ech kann zu den Fäll näischt soen wann ech se net kennen. Mat all dem méiglechen Finanzement an mat Berécksichtegung op Substituter bei de Studieplazen kann ech mir et schwéier virstellen.

      5) Ech muss soen dass ech eng Regierung duerno bewäerten wéi se d’Land finanziell geréiert, net bei wat se ufänkt ze spueren. Falls de awer effektiv wëlls op d’Symbolik wëlls agoen, sou hun ech et ganz gutt gouf dass virtéischt bei de Funktionnementskäschten gespuert gouf.

      6) Et ass net verbueden sech eng Wunneng ze leeschten, an wien et als Nécessitéit ugesäit kann dann op déi néideg finanziell Mëttel zreckgräifen.

      7) Wat ech geschriwwen hun bezitt sech op déi Zuel vun 750€/Mount déi schlecht als Beispill ze huelen sinn. Den Ennerscheed ergëtt sech hei grad aus dem Grond dass d’Land wäitaus méi grouss ass, an ass dohir net vergläichbar. Bei Auslandsstudenten ass et ganz wuel vergläichbar, well Facteuren wéi Loyer, Akaafen, Stroum, Gas, Elektresch etc. dee selweschten Käschtepunkt fir jiddereen hun.

      Vun der Qualitéit vun den Entrevue’en kann ech och wéineg soen, well et keen Rapport ze liesen gëtt. D’Quantitéit spillt dohir eng Roll well d’Ausso war et wieren “méintelaang” Diskussiounen gefouert gin. Ech wees jo net wéi laang deng Méint sin…

      Bis dann,
      Bill

  2. Pascale says:

    Bill,

    Ech deelen nët all Kritik un dem neien Gesetzesprojet an verstin och dass muss gespuert gin. Et gin allerdings menger Meenung no 2 sérieux Problemer beim virgeschloenen neien Modell :

    1) Mobilitéitsbourse : de Fait, dass déi Mobilitéitsbourse un d’Konditioun geknäppt as, dass de Student “am Ausland” studéieren muss, daat heescht an engem aaneren Land, wéi deem vum “pays de résidence du ménage dont il fait partie”, brengt an mengen Aan eng nei – verstoppten – Diskriminéierung vun den Frontaliers-Kanner mat sech. Wann ech d’Beispill huelen vun 2 Studenten, déi zu Montpellier hier Studien maachen, an wou deen een zu Esch wunnt an deen aneren zu Audun-le-tiche, dann hu mir do am Endeffekt 2 Studenten, déi an der exact gläicher Situatioun sin an wou deen een 2000€ manner kritt wéi deen aneren. Ech sin zwar keen Expert am Droit Européen, mee ech froen mech trotzdem op et sech hei nët ëm eng nei Restrictioun vun der libre circulation des travailleurs handelt. Wann een hei zu Lëtzebuerg wunnt an am eegenen Land studéiert, dann brauch een do an den allermeeschten Fäll nët onbedingt eng Studentenwunning bei senger Uni (och wann d’Fäll mat der uni.lu zu Esch wuel wärten zouhuelen). Bei engem franséischen, belschen oder däitschen Frontalier, deen an sengem eegenen Land studéiert, do kënnt et awer wahrscheinlech ganz oft fir, dass eng Wunning an der Studentenstaat néideg as, well déi ze wäit weg vu doheem as fir all Daag een Aller-Retour ze maachen. Um Pabeier as d’Regel fir jiddereen déi selwescht, mee an der Réalitéit kommen d’Frontaliers-Kanner wuel vill méi oft schlecht weg.

    2) Sozialbourse : aleng den Revenu vun den Elteren ze kucken as fir mech ganz problematesch. Am Projet geet riets vum “revenu total”. Ech huelen un, dass dorënner den gesamten brutto Revenu vum Stoot ze verstoen as. Et gëtt also guer nët gekuckt, waat den Stoot soss nach sou vun Ausgaben huet. Nët fir näicht gëtt et an eisem Steiersystem d’Méiglechkeet fir verschidden Dépensen oofzezéien an sou besser festzestellen waat déi echt “capacité contributive” vun engem Haushalt as.

    Et as an der selweschter Hinsicht definitiv nët daat selwescht, op d’Elteren 4 Kanner op der Uni mussen ennerstëtzen oder just eent. Den Brutto-Revenu als eenzegen Critère as secher nët genuch fir een komplett Bild iwwert een Stoot ze gin an ze décidéieren op et sech lo do ëm eng “räich genuch” oder “arm genuch” Famill handelt.

    Et gëtt effektiv déi Majoratioun fir een Student an enger “situation grave et exceptionnelle” (waat as dorënner genau ze verstoën??). Du schwätz vun “enger zousätzlecher Bourse vun 1.000€”. Daat as, wann mir schon vun falschen Informatiounen schwätzen, nët richteg. Just 500€ dovun gin als Bourse ausbezuelt, déi aner 500€ sin Prêt. Daat as een ganz entscheedenden Ënnerscheed. (Déi selwescht 50%-50% Opdeelung gëtt et fir den Remboursement vun den Inscriptiounsfrais’en, och do gouf daat oft sou duergestallt, wéi wann et integral Bourse wier).

    Ech sin gespant op weider Reaktiounen an op d’Debatten an der Chamber, virun allem op d’Positionéierung vun der sozialistescher Jugend Burton&Bofferding. Bei enger Majoritéit op wackelegen Féiss (32/60), hun déi 2 Dammen d’Saach jo sou gut wéi aleng an der Hand. Ech tippen awer leider drop, dass do de Courage an den Interesse feelt. Mee daat as jo nët de Problem vun der DP.

    Pascale

    • Salut Pascale, merci fir däi Feedback!

      1) Ech sin och keen Expert am droit européen mais ech fannen deng Iwwerleeung fir wichteg an huelen et an Zukunft dohin wou ech involvéiert sin mat.

      2) Wéieng Ausgabenberäicher géifen dann fir dech d’capacité contributive beanträchtegen, bzw wéieng wieren dovun relevant?
      Dat vun de Majoratiounen stëmmt, ech hun et net preziséiert gehat am Blogpost mee ech änneren et awer elo direkt.

      Wat ech iwwer d’Wahlverhalen vum Taina Bofferding héchstens kéint soen ass dass am Mëttespanorama vum 25. Abrëll (http://www.100komma7.lu/files/10/1/250953_mettes-panorama.mp3) een Zousproch zu däer Reform gin gouf an dass déi vereenzelt optriedend Problemer an der zoustänneger Chamberkommissioun wäerten diskutéiert gin. Genau wéi ech dem Claude uewen geäntwert hun gesin ech och de Problemer mat Familien mat méi Kanner an, mee do schengt jo och schon eng Propose an Aussiicht.

      BG, Bill

  3. gentile.luigi.andrea@gmail.com says:

    Wirtzbill,

    hun mer dei hèich interessant kommentarer hei emol duerchgelies an muss soen dass do schon ganz vill interessant fakten senn! 🙂 (Wei den @Klotiii et seet; et ass net emmer einfach fir Studenten dei am Eislèck wunnen all daach an d’Staat ze fueren! Dei verleieren effektiv massech zeit an den öffentlechen transporter; wou soll een do nach d’Motivatioun, d’Loscht an d’ZEIT fannen fir ze leieren?! Add the fact dass d’Uni.lu elo gleich um Belval ass….kann mer net firstellen dass dei Studenten moies mat enger gudder Laun an den Auditoire kommen!)

    Vue que dass hei schon dei meechten Argumenter (Ausland, Frontalier, €/Mount, asw.) genannt goufen wollt ech mol eppes aaneres beidroen.

    1) Een duerchschnetts (betounen op Duerchschnett) Student zu Lëtzebuerg wunnt bei den Elteren. Firwaat? Well et zu Lëtzebuerg net vill (wann iwwerhaapt guer net) senn mecht vum Elternhaus erauszezéihen! Ech mengen domadder dass eist scheint Land esou kleng ass dass et schon baal blöd wier sech als Student en eegent Appartament/Wunneng/WG ze huelen wann een nach bei den Elteren wunnen kann! Et mecht net vill senn daat ze maachen wann d’Elteren dann 10 km oder am noopeschduerf wunnen; an DO mussen mer ophaalen eist Land mat den aaneren Länner ze vergleichen. Lëtzebuerg ass an enger spezieller situatioun; et ass praktesch ALLES no un eis, sief et daat nächst duerf, den Cactus, d’Uni, den Café um Eck, asw…..

    Kann do als perseinlech Referenz eppes beidroen. Maachen grad mein Erasmus-Semester zu Budapest an hun hei ganz vill nei leit vun ganz vill aaneren Länner getraff; enner aanerem och Deitsch Studenten. An hierem Fall (vue que Deitschland io vill mei grouss wei Lëtzebuerg ass) mecht et eventuell senn aus dem Elternhaus ze zeihen well d’Uni entweder 1) Ze weit ass fir all daach en Aller-Retour mam Auto/Bus ze maachen ODER 2) well se op eng aaner Uni ginn dei nach mei weit leit (zb. En Student aus Berlin deen op d’SAE op Köln well)
    Daat nemmlecht gëllt fir Frankreich, Italien, Belsch, asw. …

    Wollt och nach den Sënn vun der uersprenglecher Bourse untasten; ech mengen den haaptsenn vun der Bourse war deen dass (d’Lëtzeboier) Studenten kennen AKTIV an d’Liewen STARTEN! Domadder mengen ech dass se sech kennen een Appartament/Wunneng, Auto, Niewekäschten (Gas, Stroum, …) leeschten. Mee vue que dass mer daat io schon am Punkt 1) [uewen] ugeschwaat hun an gesoot hun dass dei meechten daat net DOFIR gebrauchen (well eben grad dei meechten nach bei den Elteren wunnen, kee Stroum, Waaser, hei an do mussen bezuelen), hun mer ee Problem.

    Wou geet daat geld dann hinn?! An ween brauch et wierklech an ween net?! Ech kann soen dass ech dei 6,600€/Semester NET BRAUCH! Ech wunnen nach doheem, hun bis op mein auto (deen ech mer selwer bezuelen + assurance + benzin + alles waat dobei kennt) KENG AANER AUSGABEN! Trotzdeem hun ech bis elo emmer dei 6,600€/Semester geholl! Waat ech domadder soen well, an elo kommen ech zum 2) Punkt, ass dass vill, mee leider net genuch Studenten en AANEREN SENN an der Bourse gesinn hun. Den Sënn wier deen heiten, an esou hun ech et bis elo emmer gemeet; kuck d’Bourse net als eng alldeeglech hellef un mee als en INVESTIMENT. Huel dei 3,300€/Semester + den prêt (vun nemmen 2%!!!!!!) vun 3,300€/Semester; waat 6,600€/Semester ginn… Dofunner leesde der dann automatesch mol 5,000 op dein Spuerbuch, an “iwwerliews” mat 1,600€ fir d’Semester (waat ganz OK ass well d’aschreiwungskäschten nemmen 230€/Semester senn, + dei meechten Studenten liewen doheem an hun dofir keng aaner käschten an DOFIR ginn dei 1,600€ mei wei nemmen duer!) Zerèck zur Rechnung, dei 5,000€ deisde pro Semester op d’seit lees messde elo mol 2 an du hues eng total somme vun 10,000€/Joer. Daat mol 3 (fir en Bachelor) erginn 30,000€…. dorobber kommen elo nach Zënsen, Zënseszënsen, … RESUME: no 3 Joër kannsde, wannsde dech Schlau ulees, mei wei 30,000€ erspueren an graad DEI 30,000€ erlaaben dir et AKTIV an d’liewen ze STARTEN! Well ouni eng neidech Somme um Spuerkonto krissde speider hinn NEIERENS een Prêt, Auto, Haus, asw. … Versteesde op waat ech erauswell? Aplaatz ze spueren, wier et gudd den SENN an net d’SOMME vun der Bourse ennert d’loupe ze huelen an sech d’situatioun vun den Eislècker-Studenten unzekucken, well sie et an 1 joer am Komplizeiertesten hun!

    (Hei kinnt een och nach erwähnen dass (seit der “Kriise” vun 2008) jiddereen dovunner schwäzt d’Economie ze “lancèieren” –> Do kennt den Prêt, och wann nemmen minimal, an d’Spill well d’Studenten den Banken eng faveur maachen (an emgedreint och) andeems se en Prêt huelen…)

    3) ODER mer keinten daat ganzt “ge-bourse” nach MEI attraktiv maachen andeems een eng art “quotas” afeiert. Let me explain; huelen mer z.B. den Bachelor Professionnel en Gestion vun der Uni.lu. Erenneren mech dass am eichten Joër vun dem Bachelor wou ech lo maachen em dei 150 studenten ageschriwwen waren. Lo kinnt en (an desem Fall) nemmen den 50 beschten vun all Semester eng gudd Bourse ginn, an den “rescht” kritt eng vill mei kleng Bourse. Domadder gett den Faktor vun Auslänner, Frontaliers, … ausgeschloss well et nemmen nach em d’Punkten geet an net em d’Situatioun… Ech wees dass et eng relativ “haard” Propose ass, mee et ass halt eng! Dess Propose gèng a mengen Aaen d’Studenten MOTIVEIERN fir ze leieren, gudd Punkten ze kreien an deemno och eng gudd Bourse ze kreien. Daat heiten heescht och dass d’Bourse dann net mei als Hëllef oder Kannergeld-compensatioun ugesinn ass mee als BELOUNUNG!!

    Sinn lo mol gespaant wat bei deem ganzen nach erauskennt…
    Leiw Greiss.
    Andrea

  4. Patrick says:

    1. Sinn ech duerchaus der Meenung dass een vill Suen kritt vum Staat de Moment, an dass daat deier ass. Et gin awer e puer Usätz wou eis Schüler schon Recht hun:

    – Spuermesuren dei bis elo präsenteiert gin sin treffen voll an haart dei Jonk. Ob se an der Schoul sinn, studeieren oder ufänken mat schaffen an eng Famill grennen.
    – Dest huet eng Konsequenz, un zwar dass Familien dei net vill verdengen et wärten schweier kreien. An den Seuil hei ass relativ niddreg ugesaat, an wärt mat sech brengen dass vill sozial schwaach Leit wuel kaum nach kennen opt d’Uni goen. D’Mettelklass kritt mam aktuellen system z.B. 750€ Mobiliteitsbourse.

    2. Zum Thema Frontaliers’en: Et ass jo schonns esou dass d’Eurokratenlobby hei zu letzebuerg dest Uerteel erbeigefouert huet. Tatsaach dass Jugen selwer deels betraff sin seet wuel genuch. Desen Saatz ass keng Verschwörungstheorie. Au contraire, et gett keng legal Basis fier daat uerteel vun EUGeriichtshaff. D’Cour huet emmer fier den Student entscheed, ouni och nemmen eng Sekonn Konsequenzen ze berücksichtegen. Un zwar leeft daat esou: Den Student ass entweder en vollen Bierger oder d’Kand vun engem Travailleur. D’Cour swicht zweschen deenen 2 Definitiounen. Wann dest Geriicht elo en richtegen Supremecourt wier, misst et sech un Präzedenz haalen et den Fall geif sech net stellen. Den Geriichtshaff hellt sech also de facto Legislatif Rechter. Dest ass een vun den Grenn wisou d’Bierger esouvill op Europa klappen…

    E puer Remarken dozu:
    – Fontaliers’en bezuelen vill manner Steieren un den Staat an Educatioun ass nach emmer de facto eng national Kompetenz. Et gett also keen economescht Argument fier engem Frontalier eng Bourse ze gin
    – Kreiert desen System vill mei Diskriminatioun ewei fierdrun:

    a) Zu Arel z.B. sin ronn 50% vun den Kanner wou d’Elteren hei zu Letzebuerg schaffen. Dei kennen also elo profiteieren wubai hier Matschüler eidel ausgin. Dei direkt “Peers” gin also diskrimineiert. Stattdessen kreien dei kanner Boursen vun engem Land mat deem se 0 perseinloech Relatiounen hun.

    b) Diskriminatioun geint Residenten: Dess helt 2 Formen un: op där enger Sait kreien Frontalier’en op mannst dest Joer Bourse+Kannergeld aus hierem land, d.h. am beispill vun der Belch 1200€ d’Joer weider. an 2tens dei prinzipiell Diskriminatioun vum Choix. Et gett schlicht keen Argument waat verteidegt wisou en Frontalier sech soll kennen all Kiischten vun den Sozialsystemer eraussichen.

    Bottomline: Eis leif Studentenorganisatiounen leien voll donierft wann et drems geet dei Effektiv Diskriminatioun festzestellen. Au contraire gett den Moment den Resident daitlech diskrimineiert. Dei aktuell Regierung wärt dest mat der TVA Erhichung alt nach erem verstärken… Als jonk Famill ass et de moment definitif interessant iwwert Grenz wunnen ze goen, just net an daat Land wou meng Kanner studeieren gin. Daat ass schons pervers.

    Den Mobiliteitskritere: Nun wann desen Critere d’Fontaliers’en benoodeelegt fannen ech daat mei wei akzeptabel. Dest dreit dozou bai dass dei aktuell Diskriminatioun e bessen mei an d’Glaichgewiicht gedreint gett. Well et gett de facto nach emmer keen valabelt argument wisou dess Kanner an den Genoss vun Studienhellefen kommen. Wann se Schüler sin zielen z.B. offensichtech anner Regelen.

    • Moien Patrick, merci fir däi Feedback!

      1) Wéieng Spuermesuren am Budget 2014 festegehalen goufen hun ech a mengem Post schon opgezielt. Et ass och kloer esou dass dëse PdL esou séier décidéiert gëtt well en fir d’Wantersemester fäerdeg soll sinn. Vu que dass d’Regierung décidéiert huet an all Ministère 10% ze spueren (wéi och bei der Chamber d’ailleurs), betreffen d’Mesuren déi als ganzt décidéiert gin net nëmmen déi Jonk, mee gin gläichméisseg verdeelt. Ech kann natierlech verstoen dass d’Impressioun ensteet just déi Jonk missten et “ausdroen”. Dozou kann ech soen dass ech selwer jonk sinn, an ech et besser fannen elo manner Sozialleeschtungen ze empfänken wéi an Zukunft mat massiven Steiererhéijungen kämpfen ze mussen an/oder der nächster Generatioun nach méi een héigen Scholdenbierg ze hannerloossen.

      D’sozial Selektivitéit ass eppes wat allgemeng an den Ëmverdeelungssystem agefouert soll gin, an grad dofir sinn ech net d’accord dass besonneg d’Familien déi sozial méi schlecht do stinn méi drënner leiden. D’Mobilitéitsbourse ass fir jiddereen déi selwescht, an beleeft sech op 2.000€/Joer.

      2) Den EuGh huet keen legislativen Pouvoir, nach gesinn ech am Uertdeel eng Verschwörungstheorie. D’Geriicht décidéiert iwwer d’Interpretatioun vum europäeschen Recht. Aus enger perséinlecher Impressioun bezweifelen ech dass de Frust vis-à-vis vun der EU mat den Uertdeeler vum EuGh ze din huet, mee éischter mat falschen Ideen betreffend den Impakt vun den europäeschen Institutiounen op eisen Niveau de vie.

      Déi ekonomesch Argumenter fir engem Frontalier keng Bourse ze gin hun ech net ganz verstaanen, mee aus enger mënschlecher Approche eraus kann ech net verstoen wéisou eng Persoun déi steierlech wéi sozial Contributiounen zu Lëtzebuerg mecht, net vun deenen selweschten Leeschtungen profitéieren soll. Ech deelen déi Définitioun vun Diskriminatioun wierklech net.

      Wat d’TVA-Erhéijung betrëfft, kann ech soen dass ech selwer nie ganz frou domat war, besonneg well vun villen Plazen gesot gouf et misst een virtéischt eng Impaktstudie maachen, wat awer net geschitt ass. Ech verstinn gläichzäiteg och dass d’Ewechbriechen vun den Recetten um Commerce électronique 2015 eng Décisioun séier huet missen getraff gin. Mee bon, dat ass eng Story for another time…

      BG, Bill

  5. Marcus says:

    All discours zum trotz, kann een sech och d’Fro stellen inwiweit een Staat engem Mensch bis post-teenager Alter all Educatiounsfraisen muss ofhuelen. Eng premiere ass gratis fir den student, an ass eng ganz gudd qualifikatioun fir schaffen ze goen.
    Wien doriwer hinaus gaeren Diplomer haet, investeiert an sech selwer an sollt och faeheg sin et ze finanzeieren, siew et duerch privat fonden wei den Elteren oder eben d’Bereedschaft heiansdo am McDonalds ze schaffen..
    Di Entitlement Mentaliteit ass een phenomen vun eiser Zeit, an sollt och mol entgeintgewiekt gin.

    • Moien Marcus fir däi Feedback!

      Dass d’Première elo eng gutt Qualifikatioun ass fir schaffen ze goen ass och eng diskutabel Ausso (déi ech och heiansto an mengen aneren Posts uschneiden 😉 ). Am Secondaire mussen vill Saachen änneren, mee dat ass eng aner Diskussioun.

      D’Argument vun an sech selwer investéieren ass och eppes wat ech fir valabel haalen. Mee et ass effektiv esou dass sech eng Zort Entitlement Mentalitéit entwéckelt huet, déi net ganz gesond ass. Dat läit natierlech un enger wirtschaftlecher Entwécklung déi mat sech bruecht huet dass iwwer déi lescht Joerzengten “gutt konnt verdeelt gin”. Et ginn awer och ganz vill Schüler an Studenten déi d’Saach méi objektiv kucken wéi déi Leit déi ech uewen deel weis zitéieren.

      BG, Bill

  6. Docta says:

    Ech faerten eis Jugend ass verwinnt. Eisen Schoulsystem deet all Pitti gleewen,dass en eng Lumière ass an dat ass oft net de Fall. Wann d’Geld net do ass fir dass all Student wi en rentier liewen kann, dann ass et eben sou. Ech sinn définitif dofir, dass d’Bourse un d’Leeschtung gekoppelt get,well wanns de dain Joer net packs bass de entweder net gutt genuch oder liddreg an de Start brauch deng Liddregkeet net ze finanzeiren. Ech denken mat den Frontalières wier et theoretesch am logeschsten nemmen denen di naemlecht Somme ze ginn di och hei an der Schoul waren, well wann deng Eltren am Ausland wunnen kanns de aawer zu Letzebuerg an d’Schoul goen.
    An anstatt den Staat winst Spuermoossnahmen unzeprangeren wi wier et mat selwer spueren? Anstatt zu Mompes 3 Joer bezuelten Vakanz ze maachen op d’Uni.lu goen, am Ausland an d’cité U anstatt en Loft lounen. Wann en Auto dann dem Bop sain oder eng Occasioun anstatt den VW ? Fakt ass di Generatiounen virdrun hunn sech la dolce vita gema an elo ass Schluss, domm gelaf. Studeiren ass nun mol effort an sacrifice an net Party. Wen wierklech studeiren well fennt e Wee, mee op eemol ass dat Aarbescht an du kriss keen Geld mi geschenkt mat dems de relax liews fir net schaffen ze goen. Menger Meenung no ass dat net di schlechst Entwecklung fir dass mer net e Koup 25 Joer aal Leit hues di keen Ofschloss mee 30 000€ Scholden hunn.

  7. Sam says:

    Emmer wann ech Diskussiounen iwwer dei nei Bourse liesen kreien ech d’Gefill et gin en gros nemmen 2 Parteien: eng relativ grouss Majoriteit dei nach emmer net verstaanen huet/agesin well, dass gespuert muss gin an si nemmei souvill Souen an den Arsch gebloosen kreien wei et bis elo den Fall war, an op däer annerer Seit eng vergleichsweis gebildten Minoriteit, dei oft absolut net op d Bourse ugewisen ass fie studeieren ze goen an dei leider leiwer hier Zeit domat verbrengt, d’Onwessen an d’Fehler vun anneren Leit ze kritiseieren anstatt konkret iwwert Verbesserungen fie dei nei Bourse nozedenken. Nee Bill, domat bass du net gemengt; ech gesin jo dass du probeiers d’Leit opzeklären an ze beleieren anstatt se ze kritiseieren, daat war just eng Remarque dozou waat ech sou vun anneren Leit op Facebook liesen.

    Wann ech iwwert d’Bourse nodenken, stellen ech ma fie d’eicht mol d’Fro firwaat et iwwerhaapt eng Bourse gett. An d’Entfert dorop as secher net, dass Leit dei net op dei Souen ugewisen sin, se nogeheit kreien an an däer Hinsiicht ass dei momentan Bourse net ganz sennvoll and domat as eng legitim Basis fie eng Reform geschaaf. Nodeems ech ma d’Fro gestallt hun, firwaat et di Bourse gett, stellen ech ma d’Fro fir ween dei Bourse geduercht as. Menger Meenung no as d’Bourse prinzipiel do fie deenen Kanner, dei normalerweis net dei finanziell Meigelegkeeten hätten fie op d’Uni ze goen, een Studium ze ermeiglegen an net fie Kanner aus wuelhabenden Famillen, dei sou oder sou studeieren kennen goen well se massiv vun hieren Elteren ennerstetzt (kennen) gin. Deementspriechend froen ech mech dann waat d’Besoinen vun däer Zielgrupp sin, an an enger eichter Phase geif ech ma d’Fro no den Bedürnisser vun engem Schüler, deen gue net vun sengen Elteren ennerstetz gett/kann gin, stellen, d’Bourse dorop upassen an reicht dono d’Bourse proportionnel roofsetzen, je nodeem weivill Souen d’Elteren beisteieren. Enner Bedürnisser verstinn ech dei primär Bedürfnisser wei een Daach iwwert dem Kapp, eppes ze iessen an eventuell den Bedarf un Material (haaptsächlech Bicher, dei sin nämlech je no Orientatioun zimlech deier), dei een brauch fie ze studeieren. Alles waat doriwwer raus geed, dofie as den Schüler selwer verantwortlech. Ech perseinlech kann awer keen genauen Zuelenwert nennen, deen een Schüler brauch fie op enger uerdentlecher Uni ze studeieren (mat “uerdentlech” as natirlech net ombedingt “deier” gemengt, me einfach “allgemeng unerkannt”. Waat geif et brengen een Oofschloss op enger Uni ze maachen, dei sou wenig unerkannt as, dass se engem dono keng plus-value par rapport zu anneren Bewerberen fie eng Aarbechtsplaatz bidd?). Logescherweis varieiert deen Montant staark vun Unisstaad zu Unisstaad, me dei meescht anstänneg Unien sin nun mol an Grousstied, dofie sollt och d’Bourse un d’Liewenskäschten vun Grousstied ugepasst sin, net un dei vun Hannerknuppesch.

    Ech hun (notamment hei) oft d’Argument gelies, dass een an sech selwer investeieren soll, an an deem Zesummenhang och d’Fro, firwaat den Staat iwwerhaapt fie d’Educatioun (domat as natirlech d’Ausbildung, dei iwwert eng Première eraus geed, gemengt) vun den Studenten verantwortlech as. Entfert: as en net. Me en profiteiert awer vun enger gebildtener Bevölkerung. Sou ze soen as et een Investissement an d’Zukunft. An wann den Staat gäeren hätt, dass een an sech selwer investeiert, dann soll en och eng Ureitzstruktur dofie schaafen! Domat as natirlech net gemengt, dass den Staat engem alles bezuelen soll, me den Montant vun da Bourse soll heich genuch sin, fie dass een, deen net vun doheem aus ennerstetzt gett, domat zurechtkennt. Deen Montant kann een vun mie aus ganz gäeren an zur Halschend an een Prêt emwandelen. Beispillsweis as et jo am Moment am Fall vun den Studiengebühren sou, dass den Staad (bis zu engem gewessenen Montant) dei eng Halschend bezillt, an een dei anner Halschend an Form vun engem Prêt selwer bezuelen muss. Fannen daat eng zimlech gudd Leisung an geif ma wenschen, dass dei och op anner Bereicher ugewand gett. Engerseits geifen doduerch dei Leit, dei mei Souen brauchen, mei Souen kreien, an annerseits missten dei Leit, dei dei Souen brauchen, (zu engem speideren Zeitpunkt, wou et hinnen mei einfach fällt) mei selwer bezuelen.

    Ech hun virdrun vun enger Ureitzstruktur geschwaat, dei den Staad schaafen muss. Domat mengen ech, dass een op eng uerdentlech Uni goen kann ouni dono nach niewend der Uni groussaarteg schaffen ze mussen (kloer, wann een Täschengeld well, kann een daat gäeren maachen, me et sollt een menger Meenung no net niewt dem Studium nach schaffen mussen fie iwwerhaapt weiderstudeieren an iwwerliewen ze kennen) an och ouni ombedingt all daach iwwerdriwwen laang fueren ze mussen fie op d’Uni an dono rem heem. Daat wierkt sech nämlech beides net ombedingt positiv op den Studium aus. Zum Deel verstinn ech dei Leit dei soen, et sollt een selwer kucken dass een eenz gett an genuch Souen zesummen kritt fie studeieren ze kennen (op eng mei belleg uni goen, niewt da uni schaffen goen, etc), me wann een daaat Argument en bessen weider feiert as een schnell op engem Punkt wou een sech freet firwaat et dann iwwerhaapt eng Bourse sollt gin, wann dono awer dei Leit, dei dorop ugewisen wieren, mei oder weineger op sech alleng gestallt sin.

    Dass een deelweis een Prêt huelen muss, wann een selwer net genuch Souen huet, as net ze vermeiden. Sou leeft et nun eemol op da Welt, et kritt een net alles geschenkt. An irjenswei mecht et jo och Senn, dass een mat mei Souen mei Virdeeler am Liewen huet. Ech geif et just net gudd fannen wann deen finanziellen Aspekt den Haaptgrond wier, firwaat Leit, die am fong gescheit an motiveiert genuch wiere, net geifen studeieren goen.

    Ech hun hei och d’Argument gelies, dass een d’Bourse un d’Leeschtung koppelen soll. Daat as net dei dommsten Idee, me d’Leeschtung as awer leider relativ. Op enger Elite-Uni as et e gudd Steck mei schweier ennert deenen eichten XX ze sin wei op irjentenger Noname-Uni. Dofie as den Oofschloss vun der Elite-Uni dono awer e gudd Steck mei wert wei deen vun der Uni, dei keen Mensch kennt, sugue wann een net ennert deenen eichten XX as. Oofgesin dovun wieren ma och rem beim Geigendeel vun enger Ureitzstruktur wann een sech op sou eppes onsecheres wei Punkten, dei oft par rapport zu deenen anneren gerechent gin, verloosen misst fie d’Bourse ze kreien fie dono net emsou mei Scholden ze hun respektiv sein Studium nemmei finanzeieren ze kennen.

    Et as ma wichteg hei nach eng keier ze soen, dass ech keng Ahnung hun wei heich den Montant vun da Bourse (fixe Bourse + Prêt) muss sin, fie daat waat ech hei geschriwwen hun, ze garanteieren (wei sollt ech och?). Ech fannen awer, dass et nach en bessen Korrekturbedarf gett waat d’Mobiliteitsbourse an den Fall vun Famillien mat mei wei engem Kand ugeed, me deen Problem as jo hei schon ugeschwaat gin.

    An zu gudder Lescht, reicht wann all dei Punkten, dei ech hei opgelescht hun, geklärt sin, kann een kucken ob nach Souen iwreg sin, dei een un dei Leit, dei se net ombedingt brauchen, keint verdeelen.

  8. Jhang says:

    Ech sin emmer nach der Méenung, dass se eis Bourse elo nemmen kierzen, well se all den Ausläner elo och ennert d’Ärm greifen mussen. Ech gesin et schon kommen , dass ech bis 35 Joër bei mengen Eltren wunnen muss, well ech dono souvill Scholden weinst dem Prêt wärt hun…

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s